Andrej Kiska

Vu Wikipedia
Andrej Kiska
Gebuer 2. Februar 1963
Nationalitéit Slowakei, Tschechoslowakei
Aktivitéit Entreprener, Politiker, Manager, Philanthrop
Partei keng

Den Andrej Kiska, gebuer den 2. Februar 1963 zu Poprad (deemools Tschechoslowakei, haut Slowakei), ass e slowakesche Philatnrop, fréiere Geschäftsmann. Hie war vum 15. Juni 2014 bis de 14. Juni 2019 Staatspresident vu sengem Land.

Als Gewënner am 2. Tour vun de Presidentewale vum 27. Mäerz 2014 iwwerhëlt hien de 15. Juni 2014 d'Amt vum Staatschef vu sengem Virgänger, dem Ivan Gašparovič.

De Kiska ass Elektro-Ingenieur vu Formatioun. No der Sametter Revolutioun ass hien 1990 an d'USA geplënnert. Wéi en erëmkoum huet hien zwou Kreditfirmae gegrënnt, Triangel a Quatro.

2006 war hie Matgrënner vun der Hëllefsorganisatioun Dobrý anjel ("Gudden Engel") déi Familljen hëlleft, déi duerch eng schwéier Krankheet vun engem Familljemember finanziell an d'Labränte gerode sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andrej Kiska – Biller, Videoen oder Audiodateien