Aníbal Cavaco Silva

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Anibal Cavaco Silva)
Aníbal Cavaco Silva
Gebuer 15. Juli 1939
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Universitéitsprofesser
Partei Partido Social Democrata

Den Aníbal António Cavaco Silva, gebuer de 5. Juli 1939 zu Boliqueime (Loulé), ass e portugisesche Politiker a war vum Mäerz 2006 bis de Mäerz 2016 President vun der portugisescher Republik.

Den Aníbal Cavaco Silva ass e studéierten Ekonomist. No sengem Studium gouf hie Member vun der sozialdemokratescher Partei (PSD) a war 1980 an 1981 Finanzminister am Francisco Sá Carneiro senger Regierung. 1985 gouf e President vun der PSD an huet kuerz drop d'Regierungskoaltitioun opgekënnegt. Bei virgezunnenen Neiwale gouf d'PSD déi stäerkst Partei. Hien huet eng Minoritéitsregierung op d'Been gesat, déi 1987 auserenee gebrach ass. Och do huet d'PSD d'Neiwale gewonnen, dës Kéier mat just genuch, fir eleng d'Majoritéit am Parlament ze hunn. De Cavaco blouf Premierminister. 1991 gouf seng Partei am Parlament, an hien a sengem Amt, confirméiert. 1995 huet en net méi kandidéiert; d'PDS huet 48 Parlamentssëtzerr verluer.

1996 huet de Cavaco Silva eng éischt Kéier fir d'Presidentewale kandidéiert. Dës goufen awer vum sozialistesche Buergermeeschter vu Lissabon, Jorge Sampaio, gewonnen. De Cavaco gouf Conseiller bei der Banco de Portugal an huet Coursen op der Kathoulescher Universitéit vu Portugal ginn. 2005 huet hie bekannt gemaach, hie wier Kandidat fir d'Presidentewalen. Den 22. Januar 2006 gouf e mat 50,6 % vun de Stëmmen am éizschten Tour gewielt. E gouf den 9. Mäerz 2006 vereedegt.

Bei de Presidentschaftswale vum 23. Januar 2011 gouf hien nees am éischten Tour erëmgewielt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cavaco Silva, Autobiografia politica

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aníbal Cavaco Silva – Biller, Videoen oder Audiodateien