Op den Inhalt sprangen

Ann Cotten

Vu Wikipedia
Ann Cotten
Gebuer 1982
Nationalitéit USA, Éisträich
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Science-Fiction-Schrëftsteller

D'Ann Cotten, gebuer 1982 zu Ames, enger Klengstad am Story County am US-Bundesstaat Iowa, koum 1987 op Wien a lieft zanter 2006 zu Berlin als Iwwersetzerin an als Schrëftstellerin.

Si huet Germanistik studéiert, an huet dee Studium mat enger Aarbecht iwwer D'Lëscht an der konkreeter Poesie ofgeschloss. Si schreift Prosa a Lyrik. Hiert éischt Buch ass am Mee 2007 am Suhrkamp Verlag erauskomm.

  • Fremdwörterbuchsonette, Gedichter, Suhrkamp, 2007
  • Nach der Welt. Die Listen der konkreten Poesie und ihre Folgen, Klever Verlag, 2008
  • Glossarattrappen, AusnahmeVerlag, 2008
  • Das Pferd, SuKuLTuR Verlag, 2009
  • Florida-Räume, Suhrkamp, 2010
  • I, Coleoptile (mam Kerstin Cmelka), Broken Dimanche Press, 2010
  • Helm aus Phlox. Zur Theorie des schlechten Werkzeugs (mam Daniel Falb, Hendrik Jackson, Steffen Popp a Monika Rinck), Merve Verlag, 2011