Anna Maria de Bruyn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Theaterberäich an aus dem Drama ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Anna Maria de Bruyn
Gebuer 1708
Zwolle
Gestuerwen 1744
Doudesursaach Kampechsféiwer
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Schauspiller, Ballettdänzer

D'Anna Maria de Bruyn, gebuer ëm 1708 zu Zwolle a gestuerwen den 28. Mee 1744 zu Amsterdam, war eng hollännesch Theaterschauspillerin an Dänzerin[1][2].

Si war d'Duechter vun der Schauspillerin Elizabeth van Bleeck. Si huet hir Karriär op der Bün am Alter vun 11 Joer ugefaangen, an huet ufanks mat hirer Famill zu Amsterdam gespillt. 1727 huet d'De Bruyn en individuelle Kontrakt ënnerschriwwen. Si gouf als eng vun de beschten an douéiertsten Amsterdamer Schauspillerinne vun hirer Zäit consideréiert[1], a gouf gréisstendeels duerch Rollen an Tragediestécker bekannt[2].

Hire Mann war de Moler Jan Punt. Si ass 1744 bei engem Accouchement gestuerwen[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 http://resources.huygens.knaw.nl/vrouwenlexicon/lemmata/data/Bruyn
  2. 2,0 2,1 http://resources.huygens.knaw.nl/retroboeken/nnbw/#source=5&page=36&view=imagePane