Anne Haney

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Anne Haney
Gebuertsnumm Anne Ryan Thomas
Pseudonym Anne T. Haney
Gebuer 4. Mäerz 1934
Memphis
Gestuerwen 26. Mee 2001
Studio City
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun University of North Carolina at Chapel Hill
Aktivitéit Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Synchronspriecher

D'Anne Haney, och heiansdo als Anne T. Haney, Ann Haney oder Ann Harvey ernimmt, gebuer Anne Ryan Thomas de 4. Mäerz 1934 zu Memphis am Bundesstaat Tennessee a gestuerwen de 26. Mee 2001 zu Studio City bei Los Angeles, war eng US-amerikanesch Film-[1] an Theaterschauspillerin[2].

Si huet op der University of North Carolina Drama studéiert, an huet hir Theaterkarriär mat Niewerollen an den 1970er Joren ugefaangen. 1978, am Alter vu méi wéi 40 Joer huet d'Haney och d'Karriär a Filmer ugefaangen, wat relativ spéit fir Hollywood-Schauspiller war[2].

My husband died, my daughter went to college, the dog got fleas, and the maid quit. So I had to come to Hollywood.
Mäi Mann ass gestuerwen, meng Duechter goung studéieren, den Hond krut Fléi an d'Mod goung hirer Wee. Do hunn ech alt missen op Hollywood kommen.
- Anne Haney

D'Haney gouf mat Rollen a Filmer wéi Mrs. Doubtfire (1993, als Mrs. Sellner)[2], Liar Liar (1997, als Greta)[3],[4], an och mat der Roll als Mrs. Reese an enger Episod 1993 vun der Tëleesserie NYPD Blue[5] bekannt. Si war och bekannt mat anere Rollen an Televisiounsserien. Si hat eng ausgefalen déif Stëmm[6].

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anne Haney – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.imdb.com/name/nm0359774/bio?ref_=nm_ov_bio_sm
  2. 2,0 2,1 2,2 http://articles.latimes.com/2001/jun/07/local/me-7593
  3. http://www.firstforwomen.com/posts/these-never-before-seen-deleted-scenes-from-mrs-doubtfire-will-remind-you-of-just-how-wonderful-robin-williams-was-90408/photos/anne-haney-mrs-doubtfire-mrs-sellner-66101
  4. https://www.hollywoodreporter.com/review/liar-liar-review-1997-movie-987633
  5. Archive copy Archivéiert op 2020-11-25. Gekuckt de(n) 2018-01-03.
  6. http://www.peoples.ru/art/cinema/actor/anne_haney/