Op den Inhalt sprangen

Anthony E. Zuiker

Vu Wikipedia
Anthony E. Zuiker
Gebuer 17. August 1968
Blue Island
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vum Nevada,
Arizona State University
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Televisiounsproduzent

Den Anthony E. Zuiker, gebuer de 17. August 1968 zu Blue Island am Illinois, ass en US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Produzent.

Bekannt gouf hien duerch d'Iddi fir eng Televisiounserie, déi et an dräi Formater gëtt: CSI: Crime Scene Investigation, CSI: Miami an CSI: New York. Bei den dräi Serien ass hien, zesumme mam Jerry Bruckheimer Produzent, an deelweis och Auteur.

Hien huet op der University of Nevada, Las Vegas studéiert an huet mat senger Fra Jennifer dräi Kanner.

Fir CSI: Crime Scene Investigation war hien dräimol fir den Emmy nominéiert.

1999 huet hien als Auteur bei The Runner matgeschafft an 2007 bei der Televisiounsproduktioun The Man.