Archaeologia luxemburgensis
Ausgesinn
Archaeologia luxemburgensis - Bulletin du Centre national de recherche archéologique ass den Numm vun enger wëssenschaftlecher Publikatiounsserie, déi den Nationale Fuerschungszenter fir Archeologie zanter dem Hierscht 2014 erausgëtt, fir de Public iwwer seng Fuerschungen, Aarbechten an Entdeckungen z'informéieren.[1]
D'Serie kënnt reegelméisseg eemol am Joer eraus[2] an enthält allkéiers den "Rapport annuel". Redaktiounssekretär vun der Publikatiounsserie ass den Archeolog François Valotteau.
Den éischte Band 1/2014 vun der Serie ass uganks Oktober 2014 am A4-Format erauskomm, huet 160 Säiten an dréit d'ISBN 978-2-87-985329-1.
Vum zweete Band un dréit d'Serie d'ISSN-Nummer 2354-5526.
Bänn
[änneren | Quelltext änneren]Band-Nr. | Säiten | Index |
1/2014 | 160 | Index 1/2014 |
2/2015 | 271 | Index 2/2015 |
3/2016 | 200 | Index 3/2016 |
4/2017-2018 | 249 | Index 4/2017-2018 |
5/2019 | 247 | Index 5/2019 |
6/2020 | ? | Index 6/2020 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Archaeologia luxemburgensis 1/2014: 31-42: Jean Dumont et l'abri Fënnfeter
- Archaeologia luxemburgensis 1/2014: 130-151: Artikel iwwer Guillaume Joseph Dupaix