Arminia Dorpatensis
Ausgesinn
D'Arminia Dorpatensis (estnesch: Korporatsioon Arminia Dorpatensis) ass eng Confrerie vu männleche Studenten zu Tartu an Estland. Si ass chrëschtlech a Member vu Wingolf.[1]
Si gouf 1850 gegrënnt a vereent Studente vun der Universitéit Tartu.[2] Hir Memberen nenne sech „Arminen“. D'Faarwe vun der Arminia si Schwaarz-Wäiss-Gold. Nei Membere gi Füxe genannt an droen e Fuxeband an de Faarwe Schwaarz-Gold. Der Arminia hir Devise ass „Jumal, Vabadus, Isamaa!“ (lëtzebuergesch: Gott, Fräiheet, Pappeland!).[3]
Den estnesche Märtyrer Traugott Hahn war e Member vun der Arminia.[1]
- Fotogalerie
- Wopen am Joer 1931.
- D'Arminenhaus am Joer 2018.
- Graf vum Traugott Hahn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Arminia Dorpatensis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Lauri Hussar: 10 Jahre nach der Neustiftung der Arminia Dorpatensis. Die Entstehung einer europäischen Studentenverbindung, in: Wingolfsblätter, Heft 1 (2004).
- ↑ Theodor Pfeil: Album des theologischen Abends und der Arminia, 1850-1900. Mattiesen, Jurjew (Dorpat) 1902. (Digitalisat)
- ↑ Reinke Eisenberg, Uli Steiger: Wappenbuch des Wingolfs, Edition Piccolo, Hannover 2017.