Arminianismus

Vu Wikipedia

Den Arminianismus ass eng theologesch Opfassung déi sech am 17. Joerhonnert am reforméierte Protestantismus entwéckelt. Hiren Numm krut se duerch den Hermann Armenzoon genannt Jacobus Armenius (* 1560 † 1609) dee vu 1588 u Paschtouer zu Amsterdam war an duerno vu 1603 u Professer zu Leyde. Hie probéiert déi kalvinistesch Iddie vun der Virbestëmmung ofzeschwächen. Seng Iddien entwéckele sech awer eréischt richteg no sengem Doud. Seng Unhänger, d'Arminianisten, koumen haaptsächlech aus der Landbourgeoisie a si ginn zu den éischten Toleranzapostele gerechent.