Arrondissementer am Departement Puy-de-Dôme
Ausgesinn
D'Departement Puy-de-Dôme setzt sech aus fënnef Arrondissementer zesummen, mat follgenden Haaptuertschaften: Clermont-Ferrand, Ambert, Issoire, Riom an Thiers
- Arrondissement Ambert
- Arrondissement Clermont-Ferrand
- Arrondissement Issoire
- Arrondissement Riom
- Arrondissement Thiers
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 1790 gouf d'Departement Puy-de-Dôme mat aacht Distrikter gegrënnt an zwar: Ambert, Besse, Billom, Clermont-Ferrand, Issoire, Montaigu, Riom, Thiers.
- 1800 goufen d'Distrikter mat den Arrondissementer Ambert, Clermont-Ferrand, Issoire, Riom an Thiers ersat
- 1926 gouf d'Arrondissement Ambert suppriméiert.
- 1942 gouf d'Arrondissement Ambert nees restauréiert.