Astrobee

Vu Wikipedia
D'Astrobee-1500
D'Astrobee-200

Astrobee ass eng amerikanesch Héichtefuerschungsrakéitebaurei mat Feststoffundriff vum Produzent Aerojet. Dobäi ass ze beuechten, datt déi nummeréiert Varianten an d'Varianten -D an -F sech entwécklungshistoresch net gläichen.

Et goufe verschidde Versioune realiséiert:

Déi dräistufeg Astrobee 500 (Éischt Stuf: Genie, Zweet Stuf: Alcor, Drëtt Stuf: Asp) ka bis 1000 km Héicht fléien, huet e Startschub vun 161 kN, eng Startmass vun 900 kg, en Duerchmiesser vun 0,38 m an eng Längt vu 7,80 m.

Déi zweestufeg Astrobee 1500 (Éischt Stuf: Aerojet Junior + 2 Recruit, Zweet Stuf: Alcor) ka bis 1000 km Héicht fléien, huet e Startschub vu 566 kN, eng Startmass vu 5.200 kg, en Duerchmiesser vun 0,79 m an eng Längt vun 10,40 m.

Déi zweestufeg Astrobee 200 (Éischt Stuf: Nike, Zweet Stuf: Alcor) ka bis 350 km Héicht fléien, huet e Startschub vun 161 kN, eng Startmass vun 800 kg, en Duerchmiesser vun 0,38 m an eng Längt vu 6,30 m.

Déi eestufeg Astrobee D ka bis 140 km Héicht fléien, huet e Startschub vun 23,00 kN, eng Startmass vun 100 kg, en Duerchmiesser vun 0,15 m an eng Längt vun 3,90 m.

Déi eestufeg Astrobee F ka bis 375 km Héicht fléien, huet e Startschub vun 178,00 kN, eng Startmass vu 1.500 kg, en Duerchmiesser vun 0,38 m an eng Längt vun 11,50 m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]