Astronomeschen Observatoire Molėtai
Ausgesinn
Bedreiwer | Institut fir theoreetesch Physik an Astronomie vu Vilnius |
---|---|
Instrumenter | |
Teleskopen |
165 cm Spigelteleskop 63 cm Spigelteleskop 51 cm Spigelteleskop |
Geographesch Situatioun | |
Land | Litauen |
Plaz | Molėtai |
Koordinaten | 55°18'57,5"N, 25°33'48,0"O |
Héicht | 200 m |
Den Astronomeschen Observatoire Molėtai, engl. Molėtai Astronomical Observatory (MAO), litauesch Molėtų astronomijos observatorija, ass en Observatoire a Litauen, 10 km vun der Stad Molėtai ewech, op enger Héicht vun 200 m. E gehéiert zum Litaueschen Institut fir theoreetesch Physik an Astronomie.
Instrumenter
[änneren | Quelltext änneren]Den Observatoire huet e Spigelteleskop mat 165 cm Duerchmiesser an zwéi méi klenger mat 63 cm an 51 cm Duerchmiesser.