Asymmetric Digital Subscriber Line

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Asymmetric Digital Subscriber Line (engl.:ADSL, „asymmetreschen, digitalen Uschloss“) gëtt déi zur Zäit heefegst Form vum Iwwerdroe vun Donnéeë genannt, eng Form, fir déi och den Numm Breetbanduschloss geleefeg ass.

Dës nei Form gouf op der Grondlag vun der DSL-Technik entwéckelt, mat der Intentioun, iwwer Telefonsuschlëss an Telefonsleitungen Date séier an a grousse Quantitéiten kënnen z'iwwerdroen, ouni den traditionellen Fonctionnement vun dësen Telefonsleitungen a Fro ze stellen.

Den ongläichen Exigenze vun de Clientë gëtt duerch den asymetresche Charakter vun dëser Technik beim Iwwerdroen doduerch Rechnung gedroen, datt eng Differenzéierung vun der Transmissiounsvitesse méiglech ass, jee nodeem op Donnéeë geschéckt oder empfaange ginn. De Besoin no enger méi héijer Vitesse beim Empfank wéi beim Sende vun Donnéeën ass nämlech offesichtlech.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

Forme beim Breetbandiwwerdroen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: ADSL – Biller, Videoen oder Audiodateien