Atomny Iwan

Vu Wikipedia
Atomny Iwan
Film
Produktiounsland Russland
Produktiounsjoer 2012
Première 2012
Originalsprooch Russesch
Ekipp
Regie Wasili Barchatow
Dréibuch Wasili Barchatow
Maxim Kurotschkin
Fotografie Ruslan Gerasimenkow
Musek Sergei Schnurow
Schauspiller
Julija Snigir als Tatjana
Grigori Dobrygin als Iwan
Jekaterina Wasiljewa
Alexei Gorbunow
Jewgenija Dmitrijewa
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Atomny Iwan (Атомный Иван, "Atom-Iwan") ass e russesche Film aus dem Joer 2012. E gouf de 27. September 2011 eng éischt Kéier zu London gewisen, ass awer eréischt den 29. Mäerz 2012 an de Kinoen ugelaf.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

D'Tatjana an den Iwan si schonn zanter hirer Uniszäit eng Koppel, si schaffen zesummen an engem Atomkraaftwierk a liewen an der klenger Stad nieft dem Kraaftwierk. D'Tatjana ass ganz an hirer wëssenschaftlecher Karriär engagéiert, den Iwan dogéint empfënnt fir näischt richteg Ambitiounen, ausser fir d'Tatjana.

Well den Iwan him ze kannereg ass verléisst d'Tatjana hien a kritt dunn och prompt vum Arkadij, dee fir d'Theateropféierung fir d'Jubiläumsfeier vum Atomkraaftwierk zoustänneg ass, schéin Ae gemaach. Mä du mierkt d'Tatjana, datt hatt vum Iwan an aneren Ëmstänn ass.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Finanzéiert gouf de Film vum russeschen Atomkonzern Rosatom.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]