Attack on Titan

Vu Wikipedia

Attack on Titan (lëtz. "Ugrëff op den Titan"; jap. 進撃の巨人, Shingeki no Kyojin, lëtz. "Gigant deen ugräift") ass eng Manga-Serie vum japaneschen Zeechner Hajime Isayama. De Manga gouf och als Anime ëmgesat an huet eng Rei Manga-Spin-offs an aner Ëmsetzunge kritt.

D'Wierk gehéiert zum Genre Action, Horror a Fantasy an huet ënner anerem 2011 de Kõdansha-Manga Präis an der Kategorie Shonen gewonnen.

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

D'Handlung spillt haaptsächlech ëm de jonke Protagonist Eren Jäger, seng Adoptivschwëster Mikasa Ackermann a säi beschte Kolleeg Armin Arlert, déi wéi de verbliwwene Rescht vun der mënschlecher Spezies hiert d'Liewen hannert enger riseger Mauer verbréngen, wou se virun den Titane geschützt sinn. Déi enorm Mauer huet 107 Joer laang Schutz virun dëse Wiese gebueden, déi d'Mënschen ouni Grond joen an iessen. Enges Daags duerchbriechen d'Titanen awer déi baussenzeg Mauer mam Numm Maria an drécken d'Mënschen ëmmer weider an hir verbliwwen Territoiren zeréck. Wärenddeem verléiert den Ere seng Mam a säin Doheem a muss sech wéi de Rescht vun den Iwwerliewenden hannert der Mauer Rose a Sécherheet bréngen. Den Eren, deen hëlleflos nogekuckt huet wéi en Titan seng Mamm lieweg gefriess huet, huet deen Dag geschwuer, d'Titanen ze bekämpfen. Um Rand vun der Nidderlag huet d'Mënschheet versicht d'baussenzeg Mauer zeréckzegewannen wëll sou vill Mënschen net konnte vollstänneg erniert ginn. 1/5 vun der Bevëlkerung gouf geaffert, well déi riseg Titanen net konnte bezwonge ginn. Zwee Joer méi spéit mellen den Eren, seng Schwëster an de Kolleeg sech an der Militärschoul un. Kuerz virun der Ofschlosszeremonie gëtt de Mauerbezierk Trost vun den Titanen ugegraff. Vill vun den neie Kadette komme beim Géigenugrëff ëm, mä e mysteriéisen Titan gräift dobäi och aner Titanen un. Nodeems sech erausgestallt huet datt et den Eren war, probéiert d'Arméi hie fir hir Zwecker ze benotzen. En neien Ugrëff op déi vun den Titane besat Stad mat Hëllef vum Eren an Titaneform stellt sech als éischt Victoire vun der Mënschheet eraus. D'Mënschheet krut dunn nei Hoffnung a mam Eren zersumme gëtt probéiert d'Mauer Maria erëm zeréckzehuelen.

Titanen[änneren | Quelltext änneren]

Informatiounen iwwer d'Titanen[änneren | Quelltext änneren]

D'Titane sinn humanoid Wiesen, déi 3 bis 15 Meter grouss kënne ginn. D'Titane gläichen de Mënschen, hunn awer eng aner Anatomie. Si hu weiblech oder männlech Gesiichtszich mä hu keng Geschlechtsdeeler. Si hunn e Gehier, mä kee Verdauungsapparat. Dowéinst katze si déi gefriesse Mënschen nees eraus soubal se sech voll gefriess hunn. Meeschtens hunn d'Titanen iwwerproportional grouss Käpp a vill kleng rechteckeg Zänn. Obwuel d'Titane sou grouss sinn, si se vergläichsweis liicht. Hir Kierpertemperatur ass däitlech méi héich wei déi vu Mënschen. Titane sinn daagsiwwer aktiv a brauchen dofir d'Sonneliicht.

Gewéinlech Titane wéi och anormal Titane sinn nëmme wéineg intelligent. Well se sou grouss sinn, misste se eigentlech vill Energie brauchen, mä se schéngen keen anert Iessen ausser Mënschen ze hunn. Dobäi si se och sou séier wéi e Päerd an hunn eng grouss Kraaft. D'Titanen erkennen hir Affer, andeems se pulséierend Liicht ophuelen. Soubal wéi ee vun hirer Kierperdeeler ofgetrennt gëtt, fänkt en u sech opzeléisen bis näischt méi do ass. An där Zäit wiisst den ofgetrennte Kierperdeel, dank hirer kuerzer Regeneratiounszäit, séier no. En Titan kann ee just mat engem déiwe Schnëtt an d'Genéck ëmbréngen. D'Titane ginn a verschidde Kategorien agedeelt.

Déi verschidden Titanekategorien[änneren | Quelltext änneren]

D'3-6 Meter grouss Titane sinn déi klengst an hu mënschenänlech Proportiounen an en normaalt Behuelen. D'7 Meter grouss Titanen hunn e vergläichsweis grousse Kapp an eng afenänlech gekrëmmt Kierperhaltung. D'15-Meter-Titane sinn déi gréisst Aart vu gewéinlechen Titanen an hunn erëm mënschenänlech Proportiounen. Se gehéieren zu de 'rengen' Titanen an attackéieren all Mënsch, dee se gesinn. 

Anormal Titane behuele sech net wéi gewéinlech Titanen an dowéinst gi se sou bezeechent. Als anormal bezeechent een, datt se beispillsweis eng gewëssen Intelligenz hunn oder amplaz datt s'eng grouss Mënschemass unzegräifen, se sech op eng Persoun fokusséieren. Anormal Titane konnte souguer schwätzen.

D'kolossal Titane sinn an der Mauer selwer oder sinn a Gestalt vun engem 'Titanwandler' ze fannen. Déi Aart an der Mauer ass awer staark geschwächt well se wärend Joerhonnerte keng Sonn kruten. Déi lescht Kategorie vun Titane sinn déi schonn ernimmt Titanwandler. Si kënnen hir Gestalt tëscht mënschlecher an Titanegestalt änneren. An Titaneform behale si awer hiert Bewosstsinn a kënnen intelligent denken. 

D'Organisatioun vom Militär[änneren | Quelltext änneren]

D'Militär op de Maueren huet sech am Laf vun der Zäit an dräi gréisser militäresch Branchen opgedeelt.

D'Mauergarnisoun[änneren | Quelltext änneren]

D'Mauergarnisoun (駐屯兵団, chūton heidan) ass déi gréisst Divisioun am Militär, déi direkt bei de Mauere fir Uerdnung suergt. Vue dat se mat den Zivilisten an de Stied no bei de Mauere schaffen, awer och am Kampf géint Titanen ausgebilt musse sinn, huet d'Mauergarnisoun eng Rei vun Aufgaben. Beispillsweis musse se sech kënne géint Titane wieren, fir d'Sécherheet bannent de Mauere suergen an déi Mënschemass kontrolléieren mee och kënne mat engem Gewier ëmgoen. D'Benotze vun de Kanoune wéi och d'Montéiere vu verschiddenen Infrastrukture gehéiert zu hiren Aufgaben. D'Divisioun ass eng 30.000 Mann grouss an a Regimenter agedeelt, woubäi all Regiment ëm déi 1.000 Zaldoten huet.

D'Opklärungstrupp[änneren | Quelltext änneren]

D'Opklärungstrupp (調査兵団, chōsa heidan) agéiert baussent de Maueren. Si konzentréiert sech haaptsächlech op d'Zeréckeruewere vun der Mauer Maria an de Gebidder dertëschent. Virum Fall vun der Mauer Maria war hir Haaptaufgab virun allem d'Landschaft déi Säit der baussechter Mauer ze exploréieren an d'Titanen ze ënnersichen. Bei sou Expeditioune kënnt am Duerchschnëtt nëmmen d'Hallschent vun den Zaldote lieweg erëm. Dobäi huet déi Militärbranche scho mat enger niddreger Zuel vun neie Rekrutten ze kämpfen. Dofir hunn d'Veteranen eng mat der héchster Disziplin an zielen zu de beschten Zaldote vun der ganzer Arméi, well se sech dacks hu misse géint Titanen duerchsetzen.

Militärpolice[änneren | Quelltext änneren]

D'Militärpolice (憲兵団, kempeidan) suergt fir d'Uerdnung bannent de Mauere vum Räich an ass dem Kinnek direkt ënnerstellt. Se sinn d'primär Policeeenheeten am mënschlechen Territoire a mussen dowéinst ni géint d'Titane kämpfen. Si sinn net, wéi déi aner Branchen, mat moderner 3D- Ausrüstung ekipéiert, ma hunn normal Schosswaffen. Zu de weideren Aufgabe gehéieren och d'Steieren andreiwen. Nëmmen déi zéng bescht Rekrutten aus engem Ausbildungsjoer kënne sech fir d'Militärpolice umellen. Trotz dëser strenger Selektioun ass d'Militärpolice e korrupte System mat ondisziplinéierten a lidderegen Zaldoten. 

3D-Manöver-Apparat[änneren | Quelltext änneren]

Den 3D-Manöver-Apparat (立体機動装置 Rittai kidō sōchi) ass ee vun Mënschen entwéckelt Ekipement wat eng méi grouss Beweeglechkeet géint Titanen am Kampf erméiglecht. Et besteet aus engem 3D-Manövréirungs-Antrieb, Eisendrot mat Anker, Gasfläschen an eebe Schwäerter mat Scheeken. D'Material ass besonnesch licht an robust a besteet aus Eisebambus. Mat Hëllef vun där Technik kënnen d'Mënsche sech géint Titane wieren a s'ëmbréngen. Virun dëser Erfindung war et praktesch onméiglech Titanen ëmzebréngen. Kanounen an all aner Schosswaffen ware sënnlos géint déi iwwermächteg Titanen.

Territoire an d'Maueren[änneren | Quelltext änneren]

D'Mauere Maria, Rose a Sina sinn a konzentresche Kreesser opgebaut. Géif den Opbau allerdéngs just bei engem einfache kreesfërmege Rank bleiwen, wier et onméiglech d'Maueren ze verdeedege soubal se géifen duerchbrach ginn. Engersäits ginn d'Ressourcen net duer fir de ganze Rank ze verdeedegen an anerersäits sinn d'Mauere sou laang, dat een net wëssen ka wou d'Titanen duerchbrieche wäerten. D'Architekten hunn dowéinst bestëmmt Distriktstied baue gelooss fir d'Ugrëffsfläch vun den Titane méiglech kleng ze halen. D'Distrikter sinn ausserhalb mee direkt bei de Maueren ugebaut a sinn selwer och vun enger Mauer ëmkreest. Sou gesot dengen d'Distrikter als Ködere fir d'Titanen. All d'Mauere sinn ongeféier 50 Meter héich an 10 Meter breet a sinn duerch Kolossaltitane verstäerkt ginn. Déi schwächst Plaze vun de Mauere sinn hir Dieren.  D'Mauer Maria ass déi längst Mauer an ass mat enger Rei Waffen an Eisebunnsnetzer verbonnen. Tëschent der Mauer Maria an der Mauer Rose befanne sech 100 km Ofstand. Bekannt Distrikter sinn am Süde Shiganshina an am Weste Quinta.  D'Mauer Rose ass an der Mëtt vun den aneren zwou Maueren an huet och Verdeedegungsméiglechkeeten. Tëschent der Mauer Rose an der Mauer Sina sinn 130 km Ofstand. Déi verschidden Distrikter heeschen Trost am Süden, Krolva am Westen, Utopia am Norden a Karanese am Osten. Doniewent sinn nach am Süden an am Südweste kleng Dierfer wéi Jinae, Dauper an Ragako.  D'Mauer Sina ass déi lescht Mauer an huet e Radius vun 250 km. Dora läit och d'Haaptstad Mitras wou de Kinnek regéiert. Déi verschidden Distrikter heeschen Ehrmich am Süden, Orvud am Norden, Stohess am Norden a Yarckel am Westen.

Verëffentlechung[änneren | Quelltext änneren]

Den Hajime Isayama huet am Joer 2006 den Nowuesskënschtler-Preis MGP (Magasinn Grand Prix) fir Kõdanshas gewonnen, obwuel seng Zeechnung kritiséiert mä awer och fir hir Originalitéit a Presentatioun gelueft gouf. Als éischt huet e fir de Manga ze verëffentlechen, versicht déi gréisst Redaktioun fir Manga aus Japan Shūeisha fir sech ze gewannen. Nodeems si awer eng Upassung vum Stil an der Handlung fir hir eegen Zilgrupp wollten duerchsetzen, huet den Hajime sech erëm der Redaktioun Kõdanshas ugeschloss. Do huet en dann de Manga hingeki no Kyojin, mam engleschen Ënnertitel attack on titan, vum 9. September 2009 un, publizéiert. A 27 Sammelbänn goufen d'Kapitelen zesummegefaasst. De Manga gouf a méi wei aacht Sproochen a méi wei zéng Länner publizéiert. 2014 krut den Titel souguer den Harvey Award an der Kategorie Best American Edition of Foreign Material („bescht amerikanesch Verëffentlechung vun auslänneschem Material“). De Manga gouf 660.000-mol an de Vereenegte Staaten, 530.000-mol a Südkorea a 420.000-mol an Taiwan verkaaft.