Augusto Vera

Vu Wikipedia
Augusto Vera
Gebuer 4. Mee 1813
Amelia
Gestuerwen 13. Juli 1885
San Giorgio a Cremano
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Philosoph, Politiker, Iwwersetzer

Den Augusto Vera, gebuer de 4. Mee 1813 zu Amelia a gestuerwen den 13. Juli 1885 zu San Giorgio a Cremano, war en italieenesche Philosoph.

Hien huet sech haaptsächlech als Iwwersetzer an Interpret vun der Philosophie vum Georg Wilhelm Friedrich Hegel ervirgedoen. Duerch d'Iwwersetzung vun den dräi Deeler vun der Enzyklopedie vun de philosophesche Wëssenschaften - Logik (1859), Naturphilosophie (1863-66), Philosophie vum Geescht (1867-69) - an de Virliesungen iwwer d'Philosophie vun der Relioun (1876-78) huet e wesentlech zu der Hegel-Receptioun a Frankräich an an Italie bäigedroen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Introduction à la philosophie de Hegel (1855)
  • An inquiry into speculative and experimental science (1856)
  • Le Hégélianisme et la philosophie (1861)
  • Problema dell'assoluto, 4 Bände (1872-82)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Karl Rosenkranz, Hegel's Naturphilosophie und die Bearbeitung derselben durch den italienischen Philosophen Augusto Vera, 1868, Nodrock 1979