BBC Amicale Steesel

Vu Wikipedia
De Logo vun der Amicale Steesel

De BBC Amicale Steesel ass e Basketballclub vu Steesel. En ass 1947 gegrënnt ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am Summer 1946 ass den Dammebasketveräin BBC Melusina Steinsel op Initiativ vum Georges Schwartz gegrënnt ginn, deen och President vum FC Alisontia Steesel war. Vun deenen éischten aacht Matcher huet d'Ekipp der nëmmen ee gewonnen; dat awer géint den deemolege Landesmeeschter Déifferdeng. 1951 dunn ass Melusina Steesel Landesmeeschterin bei den Damme ginn.[1][2]

Den 18. Januar 1947 hunn d'Steeseler Scouten dunn ass de Veräin AS Sportive Steinsel gegrënnt, vun deem sech een Deel d'Joer drop ënnert dem Numm BBC Amicale Steinsel ("BBC Amicale Stésel") selbststänneg gemaach huet. 1953 huet de Veräin en Terrain an der Uelzechtstrooss gebaut, deen 1957 iwwerdaacht ginn ass. Véier Joer méi spéit huet d'Cadetsmannschaft hiren éischte Meeschtertitel gewonnen.[1][2]

1970 du war et un der Dammenekipp vun de Senioren, d'Championat ze gewannen. Ee Joer méi spéit huet d'Härenekipp dunn esouguer d'Championnat an d'Coupe de Luxembourg (den "Doublé") gewonnen. 1974 ass dat dunn och den Damme gelongen.

Och 1973, 1978, 1980 an 1981 ass d'Härenekipp Lëtzebuerger Meeschter ginn. D'Coupe huet se och nach 1978, 1979 an 1980 gewonnen.

Duerno sinn eng laang Zäit nëmmen nach d'Jugendekippe Champion ginn. D'Amicale Steesel huet bei europäesche Coupe matgemaach an dräimol gewonnen.

Zënter 1991 spillt de Veräin am Hall Sportif Alain Marchetti.[1][2]

21. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 2015 an 2018 konnt d'Dammenekipp vun der Amicale Steesel nees d'Landesmeeschterschaft fir sech entscheeden, an 2016 sinn och d'Hären no 35 Joer erëm Landesmeeschter ginn. Dat konnte si dunn och 2017, 2018 an 2022 widderhuelen.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Hären[änneren | Quelltext änneren]

Dammen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 D'Geschicht vum Veräin op Franséisch op amicale.lu (gekuckt de 27. September 2017)
  2. 2,0 2,1 2,2 D'Geschicht vum Veräin op Däitsch op amicale.lu. (gekuckt de 27. September 2017)