BRICS

Vu Wikipedia
D'BRICS-Länner op enger Weltkaart

BRICS ass en Akronym fir d'Associatioun vu fënnef grousse Schwellelänner: Brasilien, Russland, Indien, China a Südafrika. Dee Begrëff gouf 2001 vum Jim O'Neill erfonnt a gëtt haaptsächlech an der Ekonomie benotzt.

Ursprénglech huet de Gruppement just aus véier Länner (BRIC genannt) bestanen, mä Enn 2010 ass Südafrika vun den anere Länner invitéiert ginn och derzouzegehéieren.

All fënnef Länner zeechne sech duerch hir grouss Wirtschaft aus déi séier wiisst, an duerch e bedeitenden Afloss op déi regional an international Politik. D'BRICS-Länner haten 2013 eng Bevëlkerung vu bal dräi Milliarde Mënschen an en nominale PIB vu ronn 16 Trilliarden US-Dollar (22 % vum Welt-PIB)[1].

Den 1. Januar 2024 si fënnef weider Länner bäigetrueden: Iran, Saudiarabien, Vereenegt Arabesch Emirater, Egypten an Ethiopien.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.project-syndicate.org/commentary/what-s-in-a-bric/german