Balatum

Vu Wikipedia

Balatum war de Markennumm vun engem Buedembelag, deen zu Baisieux am franséischen Departement Nord fabrizéiert gouf.

De Balatum war geduecht, fir dem Linoleum, deen 1860 vun engem englesche Cheemiker entwéckelt gouf, Konkurrenz ze maachen.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. Oktober 1923 hunn ee Fransous an zwéi Belsch d'Firma "Manufacture du Nord Balatum" gegrënnt. 1925 gouf se "Société de Papeterie Balatum" genannt a se war op Tapéiten an e Buedembelag, dee se "Balatum" genannt hunn, spezialiséiert. Déi Zäit war d'Fabréck an zwee Gebaier vu jee 60 op 80 Meter. Geschwë koum d'Produktioun vu Pakpabeier a vu Filz mat dobäi.

De Balatum[änneren | Quelltext änneren]

D'Basis war Filz, dee fiicht produzéiert gouf, an a waarmem Zoustand mat gliddegem Bitumen gedränkt gouf. De Muster vum Belag war Faarf, déi vun opgekachte Läinueleg gemaach gouf.

De Balatum ass méi dënn wéi de Lino an ass och méi empfindlech, mä en ass och méi bëlleg.