Ballonsond (Moossinstrument)

Vu Wikipedia

Als Ballonsonde gi Moossinstrumenter vun der Meteorologie an der Aerologie bezeechent, déi vun engem Ballon, dee grouss Drokraaft huet, a gréisser Héichte bruecht ka ginn. Si ginn fir verschidde Gebrauchsberäicher gebaut, z. B.:

D'Ballonen hunn - jee no Notzlaascht a geplangter Fluchhéicht - Duerchmiesser tëscht 1 Meter an ettleche Meteren. Wéinst deem no uewen ofhuelendem Loftdrock dehnt sech de Ballon a gréisserer Héicht ëmmer méi aus, bis hien zu gudde Schluss platzt. Instrumenter mat wäertvollen Instrumenter léisst ee mat klenge Fallschiermer op de Buedem schwiewen; si droen eng Adress mat sech, un déi si zeréckgeschéckt kënne ginn.

D'Vermiessung vun der Fluchbunn kann duerch Analys vu Funksignaler oder optesch/fotografesch geschéien. Fir déi visuell Observatioun goufen an den 1950er Jore speziell Kinetheodolitten entwéckelt, wärend et sougenannt Ballistesch Kamerae schonn zanter den éischte Rakéitentester an den 1940er gëtt. Déi bekanntst vun deene Kameratyppen ass d'BC-4 vu Wild-Heerbrugg.

Onbemannt Ballonsonde mat selwerregistréierende Moossinstrumenter gëtt et zanter 1890, a Form vun der Radiosond awer eréischt zanter 1929.