Balthasar Foehr

Vu Wikipedia
Balthasar Foehr
Gebuer 1741
Gestuerwen 16. Februar 1808

De Balthasar Foehr (Föhr), gedeeft den 19. Mäerz 1741 zu Tréier, gestuerwen de 16. Februar 1808 zu Iechternach, war Metzler zu Iechternach.[1]

Den 2. Juli 1766 huet hie sech zu Tréier an der Par St. Laurentius mat der Lucie Bernard(y) (*1746) vun Iechternach bestuet.[2] D'Koppel huet op der Maartplaz gewunnt an hat 4 Jongen:[3] Jean (*1772), Bartholomäus (*1773), Joseph (*1780) a Mathias (*1776).

De Jean gouf Metzler an Hotelier, de Bartholomäus Gierwer, de Joseph Metzler; vum Mathias ass nëmme gewosst, datt hi Jonggesell bliwwen ass.

De Balthasar Foehr war ee vun deenen Iechternacher Bierger, déi zesumme mam Paschtouer Nikolaus Zahlen vun Eppelduerf, dem Vikar Willibrord Meyers vu Beefort, dem Pater Placidus Thill aus der Abtei, d'Schanke vum Willibrord, déi franséisch Zaldoten an der Nuecht vum 7. op den 8. August 1794 aus deem sengem Graf geholl an an der Abteikierch verstreet haten, agesammelt a mat heem geholl hunn, fir se a Sécherheet ze bréngen.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Muller, J.C., 1989. Familiengeschichtliche Untersuchung über das Paar Emile Mayrisch - Aline de Saint Hubert. In: Galerie 7(1989) N° 1, S. 7-40.
  • Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. St. Paulus Druckerei, Luxemburg, S. 62-63.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Muller 1989, S. 30-31. — Laut Staud & Reuter 1952 wier de B. Foehr 1739 gebuer.
  2. Muller 1989, S. 31; Staud & Reuter 1952, S. 62.
  3. Staud & Reuter 1952.
  4. Staud & Reuter 1952, S. 62.