Bananneschëff

Vu Wikipedia
D'Bananneschëff "Tropical Mist" vun der Firma Dole um Quai vum Hamburger Hafen Kleiner Grasbrook

E Bananneschëff ass e Frigosschëff dat speziell fir den Tranport vu Bananne, gebaut gëtt.

Well d'Banannen zum Uebst gehéieren, dat séier zeideg gëtt, gëtt de Prozess vum Zeidegginn an der Zäit vum Transport iwwer d'Mier op sou Schëffer duerch eng niddreg Lagertemperatur, déi duerch eng Kalloftventilatioun gemaach gëtt, gestoppt.

Bananneschëffer si séier Schëffer, a si kënnen normalerweis bis eng Dose Passagéier mathuelen. Déi éischt Bananneschëffer goufe vun der Cramp-Werft vu Philadelphia fir d'Boston Fruit Company, déi haiteg Chiquita Brands International, gebaut.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dictionnaire Gruss de Marine, Éditions Maritimes et d'Outre-Mer