Béji Caïd Essebsi

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Beji Caid Essebsi)
Béji Caïd Essebsi
De Béji Caïd Essebsi 2015.
Gebuer 29. November 1926
Sidi Bou Saïd
Gestuerwen 25. Juli 2019
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit Tunesien
Educatioun Faculté de droit et des sciences économiques
Aktivitéit Politiker, Affekot, Diplomat
Partei Onofhängeg
Famill
Kanner Hafedh Caid el Sebsi

De Béji Caïd Essebsi (Arabesch: الباجي قائد السبس), gebuer den 29. November 1926 zu Sidi Bou Saïd a gestuerwen de 25. Juli 2019 zu Tunis, war en tuneesesche Politiker a vum 31. Dezember 2014 bis zu sengem Doud President vun der Tuneesescher Republik.

Als Jurist vu Formatioun, hat den Essebsi zanter der Onofhängegkeet vun Tunesien, jorelaang verschidde Fonctiounen an der Regierung, dorënner als Innen- (1965-1969), Verdeedegungs- (1969/70) an Aussenminister (1981-1986). Nom Stuerz vum Autokrat Ben Ali an der Revolutioun an Tunesien 2010/2011 war hie vum 27. Februar bis 24. Dezember 2011 Iwwerganks-Ministerpresident vun Tunesien. D'Partei Nidaa Tounes, déi en 2012 gegrënnt hat, krut bei der Parlamentswal am Oktober 2014 déi meeschte Stëmmen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Béji Caïd Essebsi – Biller, Videoen oder Audiodateien