Benjamin Blümchen

Vu Wikipedia
Logo vum Bejamin Blümchen

De Benjamin Blümchen ass eng Zeechentrickfigur, déi vun der Elfie Donnelly erfonnt gouf. Si huet och d'Hex Bibi Blocksberg geschaf. D'Héierspillserie vum Benjamin Blümchen gëtt vu Kiddinx produzéiert a gehéiert zu den erfollegräichsten Héierspiller an Däitschland.

De Benjamin Blümchen ass en Elefant, dee schwätze kann an dee stänneg Aventuren erlieft, meeschtens mat sengem zéngjärege mënschleche Frënd Otto. Dacks iwwerhëlt en e spezielle Beruff, deen e wéi dat a Kannerhéierspiller a -filmer sou üblech ass, mat Bravour meeschtert.

Der Geschicht no lieft de Benjamin Blümchen an engem Zoo zu Neustadt. An der Folleg In Afrika gëtt ee gewuer, datt seng Grousselteren aus Tansania stamen, aus engem Duerf bei Dar es Salaam. De Benjamin selwer gouf awer - grad wéi seng Elteren - am Zoo gebuer.

Déi spéit Follege vum Benjamin Blümchen goufen net méi vum Elfie Donnelly geschriwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]