Benotzer:Beatuschemicus/Adelheid Kofler

Vu Wikipedia
Adelheid a Ludwig Kofler, ëm 1940

Adelheid Kofler, geb. Schaschek ( 24. Juni 1889 zu Haugsdorf – 27. Juli 1985 zu Innsbruck ) war eng éisträichesch Erfinderin, Mineralogin an Aendoktesch.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Adelheid Kofler huet d'Première an d'Ergänzungsexamen zu Wien gemaach an op der Universitéit Wien studéiert. 1912 krut si den Oofschloss als Léierin fir Naturwëssenschaftlech Fächer. Hiren Doktorat an der Mineralogie krut si 1913 (Dr. phil.) an 1921 an der Medezin (Dr. med.).

Si war mam Erfinder, Dokter an Apdikter Ludwig Kofler bestuet. Zesumme mat hirem Mann huet si Fuerschung am Beräich vun der thermescher Analys gemaach an de Kofler Thermalmikroskop an d' Kofler-Heizbänk entwéckelt.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1954 Fritz Pregl Präis
  • Éieremember vun der Universitéit Innsbruck
  • Éieremember vun der "Austrian Society for Microchemistry and Analytical Chemistry"
  • Titulaire vum Éierekreuz fir Wëssenschaft 1. Klass

Schrëften (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Vill Publikatiounen, z.B. mat hirem Mann Ludwig Kofler, Maria Brandstätter an Sitzungsberichter vun der Éisträichescher Akademie vun de Wëssenschaften:

    • Quasi-eutektische Synkristallisation bei organischen Stoffgemischen: Dreistoffsysteme. Sitzungsbericht SB IIb 157/I, 1948.
    • Die Kristallisationsvorgänge in unterkühlten Mischschmelzen organischer Stoffe. In: Mikroskopie. Zentralblatt für Mikroskopische Forschung und Methodik. Band 3, Heft 7/8, 1948, S. 193–202 (zobodat.at [PDF; 1,9 MB; abgerufen am 3. August 2020]).
    • Thermoanalyse unter dem Mikroskop. In: Mikroskopie. Zentralblatt für Mikroskopische Forschung und Methodik. Band 1, Heft 5/6, 1947, S. 137–158 (zobodat.at [PDF; 4,9 MB]).
    • Über Polymorphie. In: Mikroskopie. Zentralblatt für Mikroskopische Forschung und Methodik. Band 5, Heft 5/6, 1950, S. 153–163 (zobodat.at [PDF]).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • M. Hamilton: Kofler, Adelheid. In: Österreichisches Biographisches Lexikon 1815–1950. 2. überarbeitete Auflage (nur online).

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

[[Kategorie:Fra]] [[Kategorie:Gestuerwen 1985]] [[Kategorie:Gebuer 1889]] [[Kategorie:Éisträichesch Persounen]] [[Kategorie:Aendokteren]] [[Kategorie:Mineralogen]] [[Kategorie:Erfinder]] [[Kategorie:Absolventen vun der Universitéit Wien]] [[Kategorie:Persoun]]