Benotzer:Briséis/HaaptsäitDiskussioun

Vu Wikipedia

Iddien a Meenungen zum Haaptsäit-Virschlag[änneren | Quelltext änneren]

Gudde Moie Briséis, Also ech fannen di Idee emol guer net esou schlecht. Et ass e besse méi peppeg wéi di aal Versioun. An et ass wierklech emol Zäit fir eppes Neies.

Just dräi Klengegkeete si mir esou op den éischte Bléck opgefall. Ënnert Gesellschaft giff ech am Plaz Press einfach Medien schreiwen. A bei de Geowëssenschaften giff ech net onbedéngt Agrikultur drasetzen. An och net Ecologie (mir hunn et hei ënnert Ökologie) wat eischt ënnert Biologie giff passen. Dofir villeicht Vulkanologie bäisetzen.

Dat wier et emol fir mäin éischten Androck :-) --Alexandra 06:48, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Ech schléisse mech dem Alexandra senge Kommentaren un a well nach en plus soen datt et villäicht gutt wier wann de Link op d'Portaler kéint méi liicht ze fanne resp déi eenzel Portaler schonns vun der Haapsäit kéinten erreegt ginn (sou wéi bis elo). An da gëtt un sech keng Ursaach fir d'Geowëssenschaften aus den Naturwëssenschaften eraus ze huelen et kéint een eventuell Geographie soen an do op déi Saache verlinken wéi Länner Stied Lëtzebuerg etc an déi "richteg" Geowëssenschafte bei d'Nat-wëss setzen wou Zoologie a Botanik (op mannst virleefeg) kënne veschwannen well domat bauche mer eis net ze mengen (an der Struktur vum Bio-portal no wärten déi 2 disziplinnen ni eng erausragend Roll kréien)--Marcus 07:10, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Moien, Mir gefält déi nei Säit och nawell gutt. Déi kleng Billercher brénge bessi méi Faarf op déi éischt Säit a wierkt net méi esou blazeg. Ech giff awer nach d'Lëscht vun eise Portaler bäisetzen (amplaz vun engem Link op d'Lëscht), well déi mir dach ganz wichteg schengt, fir séier eppes erëm ze fannen ouni vill ze klicken. Vläicht kéint een eng extra Këscht mat de Portale maachen. (Orientéier Dech awer net ze vill un der Englescher, well déi Iddi, wéi si d'Portaler dohi geknäzelt hunn, gefält mir net :-) ) Mengt den Tomateus 07:23, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Moie Briséis, moien alleguer, fir d'éischt e grousse Merci, dass de dech eiser Vitrin ugeholl hues, déi effektiv e bësse "blatzeg" ginn ass. Meng Iwwerleeung ass: Wéi kréie mer d'Leit am beschten dohinner geleet, wouriwwer am meeschten Artikele do sinn? Déi sinn nun emol net an den allgemengwëssenschaftleche Gebidder (déi zwar lackelech Logoen hunn, mee wou dacks wéineg derhannert ass), mee do, wouriwwer et Portaler gëtt. Dofir giff ech de Portaler och onbedingt eng méi wichteg Plaz araume, wéi just en diskrete Link. Am beschte wir eng Këscht iwwert déi gans Breed vun der Säit, uewen, ënnert der allgemenger Aféierung a Begréissung. Deementspriechend kinnten déi aner Rubriken e bësse méi kleng gemaach ginn. Wa mer bei 25.000 Artikele sinn, kann een sech den Opbau nach eng kéier iwwereleeën ;-) --Zinneke 09:08, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Moien alleguer. Kéinte mer "Wosst Dir schonn?" duerch eist Haaptuleies "Portaler" ersetzen? Dann hätte mer och schonn d'Plaz fir d'Portalerplakat. Dat "Wosst Dir schonn?" ass alles schéin a gutt, mee am Ament kéint et domatter Problemer ginn, wann net heiansdo een dru kierpe geet. Wéi déi aner, sinn ech och der Meenung, datt et Zäit gouf fir d'Fréijorsbotz. Mer géifen och gutt drun doen, fir déi Sproochelëschte iergendwéi méi kleng ze maachen, well déi frupsen nawell vill Plaz ewech, a wierken net grad erotesch. --Cornischong 09:44, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Mär zielen de Leit op der neier Haaptsäit eppes vu 214 Sproochen, bei der franséischer sinn et der 229. Dat ass villäicht net terribel wichteg, me dat veronséchert Leit, déi mat där Zuel schonns un Zweifele kommen. --Cornischong 21:00, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Op den éischte Bléck effektiv a ganz gudden Androck. Super Iddi! --Otets 18:39, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Bon, ech fannen et net déck, mee net dass et dem Briséis séng Schold waer, am Géigendeel, et ass warscheinlech de Maximum erausgeholl gin. De ganzen "Design" dat magescht Wuert vun der Internetpräsenz ass wuel an der Wiki net grouss geschriwen mee éischter eng Niewesaach. Et ass dach esou e wichtegen Aspekt. Haut geet kee mei en Auto kaafen deen en wierklech brauch, mee nemmen well en "gudd" ausgesait. "Das Auge isst mit". Nujee, d'Haaptsäit ass besser. Waat Themen Beräicher ugeet sin ech net esou bewandert an mësche mech do och net an. Fir de recht..."The Future is now" --Alain 20:48, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Wier et keng Iddi déi nei Haaptsäit kuerz nodeems den 10.000sten Artikel geschriwwen ass ze lancéieren? Engersäits kéint een domat den historesche Moment markéieren (no baussen an no bannen), anersäits hätte mer nach 1-2 Méint Zäit fir de "Finetuning".

Sief nach ze soen, datt ech grondsätzlech d'Initiativ vum Briséis gudd fannen, mengen awer och datt ee sech net iwwerschloe soll fir d'Säit esou séier wéi méiglech online ze bréngen ... Kaffi 21:37, 30 Mäerz 2006 (UTC)


Erklärungen, Iwwerleeungen derhannert vu mir[änneren | Quelltext änneren]

Sali :-) Nodeems ech elo endlech mäin éischt Kapitel vu menger Diplomarbecht op de Wee op Paräis geschéckt hunn, an de Kapp nees e bësse fräi hunn, hei e puer Iwwerleeungen an Erklärungen hannert dësem Virschlag:

  • Wéi déi meeschte gesinn hunn, huet de franséische Modell mir et optesch ugedo, dee gefällt mer vun alle Wikien am beschten.
  • Den Inhalt vun den diverse Sektiounen gouf zu Testzwecker emol opgefëllt, wat elo genee an all Deel steet, kann een natierlech ouni Problemer nach änneren, ajustéieren etc.
  • Zu de Portaler: Jo am Moment hu mer der nach net vill, ech soen och elo net dass mer muer zu all Thema eist Portal hunn wou sech een drëms këmmere kann (bis elo huet sech jo quasi jiddfereen eppes e bëssen erausgepickt, wat hien intresséiert, fir dat spezifescht Portal auszebauen). Wann et der awer emol wéi an anere Wikien méi sinn, da wier ech dann awer derfier, fir déi wéi am éischte Virschlag uewen ënnert engem generelle Link "Eis Portaler" ze regroupéieren, wëll ënnen eng Lëscht vu (ganz optimisteschen) 20 Portaler sprengt d'Opmaachung vun der Säit. Mee bis et esouwäit ass, kann een, wéi de Cornischong firgeschlo huet, de "Wosst Dir schonn ?" emol ewechloossen, an se dohinner setzen.
  • 214 Sproochen: Dee Moment wou ech emol d'Source vun de Fransousen kopéiert hunn, stung do 214. Well dat sech awer esou séier ännert, dass ech (a wuel och soss keen) Loscht huet, do all Dag 1-2 Sprooche méi derbäi ze setzen, hunn ech den Text an "iwwer 200 Sproochen" geännert, wann et der da bis 300 sinn, hu mer nach genuch Zäit déi Zuel ze verbesseren.
  • Linken an der Enzyklopedie: Och do hunn ech mech un de Fransousen orientéiert: Si man sech d'Saach ganz einfach: Do wou et e Portal gëtt, kënnt een och direkt drop vun der Haaptsäit aus. Wann een do an der Enzyklopedie op Geschicht klickt, da kënnt een net op den Artikel, mee direkt op d'Portal. Do wou et kee Portal gëtt, hunn si (wuel och en attendant) einfach op den Artikel gelinkt.
  • iwwerschloe soll fir d'Säit esou séier wéi méiglech online ze bréngen: Keng Angscht Kaffi, dat do war net eng Iddi am Sënn vun "haut bastelen ech dat, dir sot ok a muer ass et online". Mee egal wéi huet mech (an och anerer) d'Haaptsäit schon eng Zäitche genervt, an dofir "fine-tune" mer dann elo um neien Design am Kader vun de Méiglechkeeten, déi d'Wiki eis erlaabt. Mee bis 10.000 ze waarden, fannen ech awer nach e bësse laang. Net dass mer net, compte-tenu vun eise Méiglechkeeten, nach gudd weiderkommen, mee déi magesch 10.000 kéint sech awer nach hinzéien :-)

--Briséisβρισεισ 13:42, 1 Abrëll 2006 (UTC)

Léiwer direkt wéi Päifenneijoerschdag![änneren | Quelltext änneren]

Firwat solle mer waarden? Wa se besser ass wéi déi al, da lass! Fréckele kënne mer nach ëmmer drun. --Cornischong 16:56, 1 Abrëll 2006 (UTC)

Giff ech och soen --Alexandra 17:42, 1 Abrëll 2006 (UTC)

Et sief. Kaffi 23:21, 1 Abrëll 2006 (UTC)