Benotzer:Djools87

Vu Wikipedia

Pierre Vidal- Naquet[änneren | Quelltext änneren]

Den Pierre Vidal Naquet ass den 23. Juli 1930 zu Parais gebuer. En stammt aus enger reicher jüdescher Famille. Bei him handelt et sech em en Franséischen Historiker deen sech suwuel mam antiken Griechenland, matt der judescher Geschicht an matt der zeitgeschicht befaast. En ass Directeur d'Etudes op der Ecole des Hautes Sciences Sociales an Directeur vum Centre Luis Gernet, deen vum Jean - Pierre Vernant gegrennt gouf. Bekannt ass den Pierre Vidal - Naquet virun allem duerch seng politesch Engagementer wie zum Beispill sain militanten Asaatz géint d'Folter an Algerien oder sain Kampf géint Holocaustverleugnung.En ganz besonnegen Wert leet hien zudem dorop d'Wourecht an der Geschicht ze demonstréieren, eng Wourecht di frai vun allen Virurdeeler soll sinn.

Seng Kandheet an Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den Pierre Vidal - Naquet get den 23. Juli 1930 als éichten vun fenef Kanner zu Parais gebuer. Seng Elteren, den Lucien an d'Margot Vidal Naquet sin vun judescher Oofstammung. Den Pierre get an eng relativ reich Famille gebuer. Sain Papp, den Lucien Vidal - Naquet, ass en bekanntenen Affekot, deen sech während der "Affaire Dreyfus" ganz kloer als "Dreyfudard" bekennt. Zudem collaboréiert hien mam Alexamdre Millerand. Schon fréi get den Lucien Vidal - Naquet sengem Bouf ze verstoen dass een sech am Liewen politesch engagéieren muss:" crois - moi, il faut être de gauche</ref>[1]".Den Pierre Vidal- Naquet get am politeschen Sënn vill vun sengem Papp geprägt. Während dem 2. Weltkrich ass den Lucien Vidal - Naquet schon zimmlech fréi an der Resistance aktiv. Den Lucien Vidal - Naquet werd sech nie verstoppen, weder wéinst senger jüdescher Oofstammung nach wéinst senger politescher Astellung</ref>[2]. 1940 gesait sech d'Famille dann awer gezwongen op Marseille ze plenneren. Zu Marseille geet den Pierre an den Lycée Perier. An deser Schoul get en die éichte kéier an sengem Lierwen matt Antisemitismus konfontéiert. Dass hien vun judescher Oofstammung ass huet fir hien virdrun keng grouss Roll gespillt. En war sech dessen zwar schon bewosst mee seng Elteren hun hien an seng Geschwester wéineg am Sënn vun religiösen Traditiounen erzunn. Heen ass an enger Famille opgewuess die d'Wichtegkeet vun der Politik virun die vun der Relioun gesaat huet</ref>[3]. Am Mai 1944 gin d'Margot an den Lucien Vidal- Naquet zu Marseille vun der Gestapo verhaft an op Auschwitz. Sie kommen nieméi vun do zereck. Den Pierre Vidal - Naquet verstoppt sech während deem bei senger Groussmam.En liesst Wierker wie Péguy, Racine, Illiade vum Homer. Dess tragesch Lektüre werd hien fir sain Lierwen prägen</ref>[4].Et ass zu der Zeit wou den Jong ufänkt sain Intéret fir d'Geschicht an Literatur ze entdecken.Seng perséinlech Tragik verbennt en matt der Literatur. An sengem Mémoiren "la brisure et l'attente</ref>[5]" fennt een schon am Titel die Notoiun von "Broch /Brisure", mee och sein zweet Kapitel vun dem Buch, wou et em Deportatioun vun sengen Elteren, sein Lierwen als Flüchtling mee awer och d'Entdeckung vun der Literatur an der Geschicht, geet, bezeechent den Vidal - Naquet selwer als Brisure. Et ass eng Episode vun sengem Lierwen die hien stark prägen werd. Noom 2. Weltkrich geet den Pierre Vidal - Naquet zereck op Parais wou en sain Lycée als éicht am LycéeGarnot an dono am Lycée Henry IV ferdeg mecht. Nodeems en d'Schoul oofgeschloss huet geet en fir en "année de khâgne" zereck op Marseille. Et handelt sech bei deem Joer em eng Prepartioun fir op eng Universitéit. Während deem Joer get en sech secher dass en well Historiker gin. An sengen Mömoiren schreiwt en: "Faire l'Histoire, c'était pour moi le meilleur moyen de m'intéresser à tout ce qui me passionait, l'Histoire elle-même, bien entendu, surtout contemporaine, que j'appréhendais avec quelques cadres marxistes, la philosophie et la littérature, c'est-àdire la poésie, le roman et le théâtre. Au-delà de cette recherche de totalité, l'Histoire pour moi est née d'une réflexion sur la tragédie</ref>[5]".Dest Zitat weist ganz kloer dorop hin wie wichteg d'Interdisziplinaritéit fir den Pierre Vidal - Naquet als Historiker ass. An deem Preparatiounsjoer léiert hien och seng zukünfteg Fraa, d'Geneviève Brilhac, kennen matt deem hien sech den 17. Juli 1952 bestued.

Den universitären Parcours vum Pierre Vidal Naquet[änneren | Quelltext änneren]

Den Pierre Vidal - Naquet studéiert am Ufank "lettres classiques" an Geschicht mee schnell entscheed en sech fir nemmen Geschicht ze studéieren. 1955 kritt en sain Doktortitel. Nodeem en een Joer am Lycée Caen Schoul gehaalen huet, get en Asssitent vun der Faculté des Lettres vun Caen</ref>[6] Dann muss en seng Beschäftegung un der Universitéit fir een Joer ennerbriechen well en d'Petitiuon vum Manifeste 121 ennerschriwen huet. Vun 1961 bis 1968 schafft en fir d'Universitéit Lille, glaichzeiteg vun 1964 bis 1966 ass en am Centre National de la Recherche Scientifique vun Lyon agestallt</ref>[7]. Dann geet en and’ Ecole des hautes études en sciences sociales wou en sait 1966 enseignéiert an och spéider Directeur get. Ausserdem kennt en and’Directioun vum Centre Louis –Grenet wou en den Nofolger vum Jean – Pierre Venant get. Matt him zesummen publizéiert den Pierre Vidal – Naquet verschidden wessenschaftlech Artikelen an Bicher.

D'Aufgaben vun engem Historiker[änneren | Quelltext änneren]

Den Pierre Vidal – Naquet vertrett die Meenung, dass en Historiker net dofir do ass Theorien opzestellen mee d’Wourecht sou objektiv wie méiglech ze präsentéieren. Heen ass en engagéierten Historiker deen sech wehement géint den Algerienkrich wiert. Politesch ass en ganz kloer Lenks ze placéieren. Sein Intéret an der Forschung gelt drei Haaptpunkten: dem antiken Greichenland, der Geschicht vun den Juden an sein Kampf géint den Negationismus vun der Shoa an drettens der Zeitgeschicht an den Problemer fir déi hien sech ersetzt. Den Pierre Vidal – Naquet leet vill wert op eng wourechtgetrei Geschichtsschreiwung. En Schlesselerlierwniss heifir war sain Papp. Heen huet him als Jugendlechen vun der Affaire Dreyfus erzielt. Den Pierre ass sech bewosst gin dass d’Manéier wie d’Geschicht duergestallt get net onbedingt deem entsprecht wie se ass an dass daat oft vuneneen oofweichen kann. Sein ganzt Lierwen setzt sech den Vidal – Naquet fir sain Kampf vun enger realitéitsgetreier Geschichtschreiwung an, bis suguer e puer Méint virun sengem Doud, wou en eng Petitoun fir d’Fraiheet vun der Geschicht (Pétition pour la liberté de l’H[9]istoire) ennerschreiwt. En ass ganz kloer géint d’Instumentalistioun vun der Geschicht. Se soll onoofhängeg vum Staat gemaach gin : „ L’Histoire n’est pas un objet juridique. Dans un Etat libre, il n’appartient ni au Parlement ni à l’autorité judiciaire de définir la vérité historique. La politique de l’Etat, même animée de meilleures intentions, n’est pas la politique de l’Histoire</ref>[8] “. Dess Meenung die den Pierre Vidal – Naquet vertrett weißt ganz kloer wéi en sech fir d’Fraiheet vun der Geschicht asetzt. Sie soll net fir politesch Zwecker messbraucht gin, an hien revendiquéiert glaichzeiteg d’Onoofhängegkeet vun der Geschicht. Politik hellt Geschicht als Instrument an verfälscht domadd hier Aussookraaft. En steht an engem Kampf géint Mythoaloséierung vun der Geschicht. Als Historiker ass den Pierre Vidal – Naquet der Meenung dass een Quellen kritesch muss gesinn, virun allem eng Distanz zu sengem Sujet bewahren anoch op Demagogie oppassen muss. En weideren Engagement vum Pierre Vidal – Naquet ass den Kampf géint d’Folter am Algerienkrich. Heen ass en militanten Menschrechtler. En Beispill fir sein Engagement ass d’Affaire Audin. An der Affaire geet em en jonken Mathematiker deen Asssistent op der Faculté des Sciences zu Alger ass an deen spuerlos verschwend. Den Vidal – Naquet deet sech matt aaneren Universtären zesummen, ennert aanerem och den Mathematiker Lucien Schwarz, den Grenner vum Comité Audin. Den Pierre Vidal – Naquet publizéiert Artikelen iwer daat Evenement an setzt sech öffentlech géint Folter am Algerienkrich an, an der Hoffnung d’Öffentlech Meenung fir daat Thema ze sensibiliséieren an ze mobiliséieren. An sengem 1989 publizéierten Wierk „Face à la raison d’Etat: un historien dans la guerre d’Algerie“ setzt en sech matt der Fro auserneen wéi weit deen militanten Aktivismus am Zusammenhang matt sengem Beruf als Historiker zesummengeet. Heen gesait d’Roll vum Historiker ganz kloer als „témoin de la Vérité</ref>[9] “. En aaneren Punkt fir deen den Historiker sech asetzt ass den Kampf géint den Kolonialismus deen hien als ongerecht an menschenmissachtend empfend. Et huet warscheinlech och op seng Ausernaanersetzung mam Kolonialismus ze dinn, dass eb sech sou stark fir d’Wourecht vun der Geschicht asetzt, wou een wees dass virun allem an der Kolonialzeit d’Geschicht oft verfälscht gouf. Virun allem duerch seng Thèsen iwer den Israel – Palestina – Konflikt gréit den Vidal – Naquet and’ Kritik. Zesummenfaasend kann een soen dass den Pierre Vidal – Naquet als een vun deene wichtegsten Zeithistoriker gesi kann gin waat d’ Forschung iwer d’antikt Griechenland ugeet. En huet sech virun allem mam Sytem vun den Repräsentatiounen an der griecherscher Welt, matt der griecherscher Demokratie an Tragédie auserneengesaat . Zudem war en politesch imenz engagéiert an huet sech durech Problemer die him an den Wee geluet goufen nie dovun oofbrengen geloos daat ze maan waat als richteg empfend. Den Pierre Vidal - Naquet stierwt Enn Juni 2006 un engem Nierenschlaag am Alter vun 76 Joer zu Nice.

Seng Artikelen an Wierker[änneren | Quelltext änneren]

• Atlas historique (sous la direction de), Hachette, 1987 et 1992. • Clisthène l’Athénien (avec Pierre Lévêque), Les Belles Lettres, 1964 ; Macula, 1983 et 1992. • Économies et Sociétés en Grèce ancienne (avec Michel Austin), Armand Colin, 1972, 7e éd. 1996. • Du bon usage de la trahison, étude publiée en ouverture de Flavius JOSEPHE, La Guerre des Juifs, Minuit, 1977. • Face à la raison d’État, La Découverte, 1989. • Fragments sur l’art antique, Noêsis, 2002. • Journal de la Commune étudiante (avec Alain Schnapp), Le Seuil, 1969 et 1988. • L’Atlantide. Petite histoire d’un mythe platonicien, Les Belles Lettres, 2005. • La Démocratie grecque vue d’ailleurs. Essais d’historiographie ancienne et moderne, Flammarion, 1990 et 1996. • La Grèce ancienne (avec Jean-Pierre Vernant), I : Du mythe à la raison, II : L’Espace et le Temps, III : Rites de passage et Transgressions, Le Seuil, 1990-1992. • La Guerre des Juifs, Bayard/BNF, 2005. • La Raison d’État, Minuit, 1962 ; La Découverte, 2002. • La Torture dans la République, Minuit, 1972 ; Maspero, 1975 ; La Découverte, 1983 ; Minuit, 1998. • Le Bordereau d’ensemencement dans l’Égypte ptolémaïque, Fondation égyptologique Reine-Élisabeth, Bruxelles, 1967. • Le Chasseur noir. Formes de pensée et formes de société dans le monde grec, Maspero, 1981 ; La Découverte, 1991, 2005. • Le Choix de l’histoire. Pourquoi et comment je suis devenu historien, Arléa, 2004. • Le Miroir brisé. Tragédie athénienne et politique, Les Belles Lettres, 2002. • Le Monde d’Homère, Perrin, 2000 et 2002. • Le Trait empoisonné. Réflexions sur l’affaire Jean Moulin, La Découverte, 1993 et 2002. • Les Assassins de la mémoire. « Un Eichmann de papier » et autres essais sur le révisionnisme, La Découverte, 1987 ; Le Seuil, coll. « Points Essais », 1995 ; La Découverte, Paris, 2005. • Les Grecs, les Historiens, la Démocratie. Le grand écart, La Découverte, 2000. • Mémoires, I : La Brisure et l’Attente, 1930-1955, Le Seuil/La Découverte, 1995. • Mémoires, II : Le Trouble et la Lumière, 1955-1998, Le Seuil/La Découverte, 1998. • Mythe et Tragédie en Grèce ancienne-Deux, avec Jean-Pierre Vernant, 1986 ; 1995 ; La Découverte, 2001. • Mythe et Tragédie en Grèce ancienne (avec Jean-Pierre Vernant), Maspero, 1972 ; rééd. sous le titre Mythe et Tragédie-Un, La Découverte, 1986 et 2005. • Réflexion sur le génocide. Les Juifs, la mémoire et le présent, t. III, La Découverte, 1995 ; 10/18, 2004.


Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

• HARTOG, François, SCHMITT – PANTEL, Pauline, SCHNAPP, Alain (H.g.), Pierre Vidal – Naquet un historien dans la cité. Paris 2007. • MOSSE, Claude, Pierre Vidal –Naquet. In: JULLIARD, Jacques, WINOCK, Micheal (H.g), Dictionnaire des Intellectuels Français. Les Personnages, les Lieux, les Moments. Paris 1996. S. 1158 – 1159.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. VIDAL-NAQUET, Pierre, L’Histoire est mon Combat. Entretiens avec Dominique Bourel et Hélène Monsacré. Paris 2006. S. 15.
  2. VIDAL-NAQUET, Pierre, L’Histoire est mon Combat. Entretiens avec Dominique Bourel et Hélène Monsacré. Paris 2006. S. 15.
  3. MOSSE, Claude, Pierre Vidal –Naquet. In: JULLIARD, Jacques, WINOCK, Micheal (H.g), Dictionnaire des Intellectuels Français. Les Personnages, les Lieux, les Moments. Paris 1996. S. 1158.
  4. http://www.liberation.fr/culture/010156294-pierre-vidal-naquet-engage-dans-l-histoire
  5. http://www.liberation.fr/culture/010156294-pierre-vidal-naquet-engage-dans-l-histoire
  6. MOSSE, Claude, Pierre Vidal –Naquet. In: JULLIARD, Jacques, WINOCK, Micheal (H.g), Dictionnaire des Intellectuels Français. Les Personnages, les Lieux, les Moments. Paris 1996. S. 1158.
  7. MOSSE, Claude, Pierre Vidal –Naquet. In: JULLIARD, Jacques, WINOCK, Micheal (H.g), Dictionnaire des Intellectuels Français. Les Personnages, les Lieux, les Moments. Paris 1996. S. 1158.
  8. http://www.liberation.fr/culture/010156294-pierre-vidal-naquet-engage-dans-l-histoire
  9. MOSSE, Claude, Pierre Vidal –Naquet. In: JULLIARD, Jacques, WINOCK, Micheal (H.g), Dictionnaire des Intellectuels Français. Les Personnages, les Lieux, les Moments. Paris 1996. S. 1158.