Benotzer:Grima04/Gentechnik

Vu Wikipedia

Gentechnik[änneren | Quelltext änneren]

Als Gentechnik bezeechent ee bestëmmte Methoden aus der Biotechnologie, mat Hëllef vun deenen een Agrëffer am Ierfgutt (Genom) vun Déieren, Planzen, oder Mikroorganisme ka virhuelen. Mat Hëllef vun dësen Agrëffer loossen sech bestëmmte Funktioune vum Ierfgutt veränneren an eng bestëmmten Zell kann eng nei Funktioun anhuelen oder eppes maachen, woufir se net vun Natur aus konzipéiert ass.

Geschicht an Urspréng[änneren | Quelltext änneren]

1865 huet den Augustinerpater Gregor Mendel (*1822; ✝1884) seng éischt Verierwungsgesetzer verëffentlecht, déi en duerch Beobachtunge bei Ierbesse fonnt huet. Dobäi ass hien dovun ausgaangen, dass et gewëssen Eenheete gëtt, déi d'Informatiounen an sech droen. Leider gouf seng Entdeckung méi oder wéineger vergiess a gouf eréischt 35 Joer méi spéit vun Hugo de Vries, Erich von Tschermak a Carl Correns erëm entdeckt. An den 1860er Jore gouf schonn d'DNA aus [[Eeter|eeterege] Wonnen isoléiert. De Schwäizer Biolog Friedrich Miescher hat dee Stoff isoléiert an Nuklein genannt. Spéiderhi goufen nach wichteg Entdeckunge wéi d'Chromosome gemaach, mä bis zum éischte Genagrëff duerch de Mënsch huet et nach eng gutt Zäit gedauert. 1972 ass et fir déi éischte Kéier dem US-Amerikanesche Biochemiker Paul Berg gelongen, mat Hëllef vun Enzymer en DNA-Strang auserneen ze schneiden an uschléissend erëm aneschters zesummenzesetzen. Dëst Geschéie kann als Gebuertsstonn vun der Gentechnik bezeechent ginn. De Berg huet awer kuerz dorop mat de Fuerschungen an dës Richtung opgehalen, well et a sengen Aen net berechebar war, wat esou en Agrëff spéiderhin uriichte kéint. 1983 ass da fir d'éischte Kéier d'Iwwerdroung vu Genen op eng Planz, an zwar enger Tubakplanz, gelongen. Vun dëem Zäitpunkt un, huet déi kommerziell Entwécklung vun der Gentechnik, wéi mer se haut kennen, ugefaangen.

Genmanipulatioun zum "gudden Zweck"[änneren | Quelltext änneren]

Genmanipulatioun kann zum gudden Zweck agesat ginn. Obwuel dës Technik nach an de Kannerschong stécht gëtt et scho Beispiller vu Projekter déi Genmanipulatiounen un Planzen oder Déieren zum gudden Zweck wëllen notzen.

Projet "Glowing Plants":[änneren | Quelltext änneren]

Bei dësem Projet handelt et sech em d'Idee, Planzen esou ze manipuléieren, dass se nuets liichten a soumat elektresch Luuchten ersetze kéinten. D'Projet huet op Kickstarter, enger "crowdfunding" Plattform ugefaangen. D' Projet ass mëttlerweil finanzéiert an et kann ee schon verschidden Exemplare vu liichtende Planze kafen. Bis zum Maarträife Produkt zum Asatz am Alldag ass et zwar nach en wäite Wee mee d' Wäichen si geluecht.

Mënschlech Organer am Kierper vun Déieren ziichten:[änneren | Quelltext änneren]

Haudesdags waarden dausenden Leit op Spendeorganer fir weiderliewen ze kennen. Vill Leit stierwen och all Dag un Organversoen well se ouni vill Äussiicht fir och en Organ rechtzäiteg ze kréien waarden mussen. Duerch dësen Engpass kennt besonneg fir eeler Leit all Hëllef ze spéit well d' Medizin den Kanner an Jonken Leit prioritéit gett. Duerch d' Ziichten vun mënschlechen Organer an Déieren wéi zum Beispill am Schwäin soll eng Massenproduktioun vun Organer erméiglecht ginn. Heibäi stellt sech leider och d' Fro ob dat ganzt ethesch vertriedbar wier, well Déieren zu Produktiounsmaschinnen ëmgebaut ginn fir Organer ze ziichten. Duerch zousätzlech Organer am Déierenkierper kéinten zum Beispill ongeahnten Leiden beim entspriechenden Béischt optrieden.

Genmanipuléiert Planzen an der Liewensmettelindustrie:[änneren | Quelltext änneren]

D' Liewensmettelindustrie kooperéiert an den USA scho ganz staark mat den Entwéckler a Verkeefer vu genmanipuléiertem Soom fir Planzen. Niewenbäi schaffen och verschidden Fuerscher ronderem d' Welt u genmanipuléierten Planzen fir se ze verbesseren. Sou solle zum Beispill Ierbsen Planzen esou manipuléiert ginn, dass se e Gëft ausscheeden, fir dass Räupen déi d' Planz iessen doudgemeet ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

http://www.genfrei-gehen.de/index.php?plink=geschichte-der-gentechnik

https://www.welt.de/print-welt/article520177/Die-Geschichte-der-Gentechnik.html

https://de.wikipedia.org/wiki/Gentechnik

https://www.kickstarter.com/projects/antonyevans/glowing-plants-natural-lighting-with-no-electricit

http://www.zeit.de/wissen/gesundheit/2017-01/stammzellenforschung-gentechnik-maeuse-zuechtung-bauchspeicheldruese-spenderorgane-transplantation