Benotzer:SamuelObertin

Vu Wikipedia

Cassatiounshaff[änneren | Quelltext änneren]

De Cassatiounshaff iwwerpréift eng leschte Kéier, ob d'Reegelen vun der Prozedur respektéiert, an ob d'Gesetzer richteg ugewannt goufen.

De Recours en Cassation (bzw. de Pourvoi en Cassation) ass ee spezielle Recours, deen eng lescht Instanz géint eng juristesch Decisioun ass. Bei zivillen, kommerziellen a soziale Mesure ass de Pourvoi en Cassation, bis op e puer Ausnamen, bei enger Greffe vum Cassatiounshaff forméiert. Bei enger strofrechtlecher Mesure ass d'Deklaratioun vun der Cassatioun an der Greffe vun der Justiz, vun de Verantwortleche fir d'Cassatioun, forméiert. De Recours en Cassation baséiert op dem Gesetz vum 18. Februar 1885. An dësem Gesetzestext ass festgehalen, wéini een d’Recht op de Recours huet, a wéi des Prozedur ofleeft. Fir säi Recours anzereechen, muss den Zoustännege vun der Demande en Cassation eng Kopie vun der kritiséierter Decisioun an ee Memoire, ënnerschriwwe vun der géignerescher Partei, mat den eenzelen Detailer vum Recours un d'Cour supérieur de Justice weiderreechen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]