Benotzer:Zinneke/Test:Relevanzcritèren

Vu Wikipedia

Dës Lëscht soll natierlech net der Weisheit letzter Schluss sinn; Diskussiounen a Grenz- an Eenzelfäll sollen ëmmer méiglech bleiwen, mee op d'mannst soll se eng koherent Approche erméiglechen a verhënneren, datt een all Kéiers vu virun e Sujet duerchknae muss.

Virausgeschéckt sief, datt mer hei méi large sinn wéi z.B. der däitscher Wiki. Mee bis wuer solle mer d'Lat méi déif leeën? Heidrënner emol e Versuch, bestëmmte Kategorien opzezielen. Déi net kursiv solle menger Meenung no dra sinn, déi kursiv kënne jo direkt drënner ogestëmmt ginn.

Politiker

  • Minister, Staatschef
  • Deputéiert am nationalen oder am Europaparlament
  • Buergermeeschter (Lëtzebuerg)
  • Schäffen
  • Gemengerot (Lëtzebuerg)

  • Parteipresident oder -generalsekretär (Lëtzebuerg)
  • Generalsekretär/President vun enger Gewerkschaft
  • President vun enger Jugendorganisatioun vun enger Partei oder enger Gewerkschaft

Verwaltung

  • Héije Beamten (Generaldirekter; Kabinettschef) an enger (para)staatlecher Administratioun
weess een déi gängeg Nimm fir der Ranking?

Auteuren

  • Bei Sachthemen: eng signifikant Zuel (op d'mannst 5) vun Artikelen a Fachpublikatiounen
  • Bei Belletristik: e puer eegestänneg Publikatiouen (z.B. op d'mannst 3)
  • op d'mannst eng eegestänneg Publikatioun (d.h. e Buch, dat an engem Verlag erauskomm ass)

Museker, Bands, ...

  • op d'mannst eng CD (oder méi?) déi ënnert deem Numm erauskomm ass
  • a relevanten Charts (watfir?) ënnert den Top nn?
  • Optrëtter op signifikanten (wat fir) Festivallen
  • Member vun enger Band, déi déi Critèren erfëllt
  • Komponist vu Stécker, deen déi Critèren erfëllt

Moler, Sculpteuren, ...

  • Eng signifikant Zule (wéivill) vun Ausstellungen (eegen, mat aneren?)
  • A Publikationen ernimmt (wat fir der?)

Schauspiller, Regisseuren

  • eng Haaptroll oder eng wichteg Roll an engem lëtzebuergesche Film gespillt hunn
  • Regisseur vun op d'mannst engem lëtzebubuergesche moyen- oder long métrage-Film