Benotzer Diskussioun:81.244.214.45

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudden Owend Här, Madame .... Ech maachen zanter 1970 Astronomie, hunn och de lëtzebuerger Amateurastronomeveräin am Joer 1971 gegrënnt. De Numm "Wandelstär" ass kee neie Numm, dee gëtt schon éiweg benotzt bei den Amateuren esouwéi bei de Proffië, nëmmen als Bemierkung niewebäi bemierkt ! --SITCK (Diskussioun) 17:25, 7. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]


Leider neirens an der Literatur op Lëtzebuergesch beluecht ausser an der Wikipedia. Déi Amateurastronome schéngen net vill vum Schreiwen ze halen. (ausser engem natierlech) a leider gëtt et och keng Iwwersetzung vum Wandelgestirn wat jo rëm net mam Wandelstern gläichzesetzen ass, wann ech dat richteg verstanen hunn. Oder awer vläicht och net??? --81.244.214.45 18:10, 7. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]
Wou kann e Mënsch, deen net emol déi elementarst Héiflechkeetsformele schreiwe kann, sech erlaben, esou iwwer aner Leit domm ze schreiwen! Éischtens seet ee Moien oder gudden Owend an zweetens sinn ënnert de lëtzebuerger Amateurastronomen och Leit mat héije Schoulofschlëss an hunn och astronomesch Bicher geschriwwen, zwar net op Lëtzebuergesch (ausser engem Kannerbuch iwwer d'Stären) mä dofir awer an aner Sproochen. Net Jiddwereen huet déi néideg Zäit fir an d'Wiki ze schreiwen! - Ech hoffen Dir hutt mech verstaanen....--SITCK (Diskussioun) 21:07, 7. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien, an e schéine Samschdesch an a schéine Weekend gewënscht.
Dat alles ass jo schéin a gutt, et verhënnert awer net datt dat Wuert bis elo néirens an der lëtzebuergescher Literatur bekannt ass. Mä wann e sollt an deem Kannerbuch stoen da kann dat jo als Referenz gesot ginn. --81.244.214.63 10:25, 8. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]
... et geet dach nach, ma e gudde Mëtteg gesot. - Eng gutt Iddi, ech hunn dat Bichelechen zwar net, mä ech wäert dat nofroen.--SITCK (Diskussioun) 10:57, 8. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]

Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.