Benotzer Diskussioun:83.99.72.64

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech sin nei hei an hun Problemer mat der Eifeler Reegel. Den Les Meloures muss meng dementspriechend Feeler ëmmer verbesseren. :-)

Mee, ech versichen an Zukunft dorop ze achten an d'Eifeler Reegel unzewenden.

PS: Ech maan keen Account hei op, bleiwen also ëmmer den 83.99.72.64 fir ierch. --83.99.72.64 23:04, 3. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,
Merci fir Mataarbecht. Just zur Informatioun: Et ass guer net sécher datt Dir ëmmer déi selwecht IP-Adress kritt.
Déi Boboe mat der Eiffeler Regel kommen ëmmer erëm vir. Souguer bei Leit déi schonns méi laang op der Wiki sinn, an och bei mir. Maacht Iech deemno dofir kee Geblitt. --Les Meloures 23:02, 3. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

tëschnduerch och e merci vu menger Säit fir déi sëllechen Ergänzungen a Verbesserunge bis elo! Wéi s De gesäis, gëtt et nach genuch, wou een hei Pionéieraarbecht maache kann. Wéi de Les Meloures sot, mecht jiddereen (besonnesch am Ufank) gären emol kleng Schreiffeeler; déi ginn ouni grouss Gedeessems verbessert (d'géigesäitegt Noliesen an Ergänzen ass jo ee vun den Haaptstäerkte vu Wikipedia).

Et ass selbstverständlech Däi Recht, ënner (d)enger IP-Adress ze schreiwen. Allerdengs wier, wann s De hei méio dacks aktiv bass (wat jo erfreelecherweis de Fall ass) e Benotzernumm (et brauch een néierens säi richtegen Numm unzeginn) méi einfach, fir Der z.B. e Message ze hannerloossen (IP Adresse ginn dacks vum Provider geännert). Du kéinns dann och z.B. op engem anere Computer schreiwen, an als "dee selwechten" erkenntlech beliwen. Et méich och d'Nokucke vun den Artikelen fir déi 'reegelméisseg' Mataarbechter méi einfach, well an éischter Linn IP-s Ännerunge gekuckt ginn (wou een ni weess, wat do gemaach gouf). Vläit loggs De Dech einfach an an nenns Dech "Den 83.99" ;-)?


Salut dir zwee!
Genau wéi den Zinneke op senger Säit geschriwwen huest ("Et schafft ee mat un eppes Neies, dat et esou nach net ginn huet, an 't huet een d'Satisfactioun, mat all neiem Artikel e Mosaikstengchen dozou bäizedroen") ass et fir mech eng grouss Freed Deel vun dësem Projet ze sin. Den Grond wisou ech am Moment sou aktiv sin, ass ganz einfach: Ech hun souzesoen Vakanz... Ech fänken eréischt am oktober un, bei mengem neien Aarbechtsgeber ze schaffen. Dh, bis Oktober wäert ech vill Zäit hei op Wikipedia verbréngen, duerno warscheinlech vill manner. Ech versichen dann bis Oktober besschen un den Geographiesartiklen ze bastelen, sou datt all Staat an all gréisser Staat säin Artikel huet. (Mat Astrologie kennen ech mech net aus, dofir kann ech un all deenen Artikelen net vill bäidroen.) ;-) Villäicht registréieren ech mech eng Kéier (als 83.99 wier relativ witzeg)... :-) --83.99.72.64 13:17, 6. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]


Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.