Benotzer Diskussioun:Arachnaeus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Referenze vu Quellen[Quelltext änneren]

Moien Arachnaeus, just e klengen Tipp fir d'Formatéieren: fir eng Referenz ënnenhinner ze setzen, brauch ee just den Text, deen ënne stoe soll, tëschent d'Codë <ref> a </ref> ze schreiwen, an zwar op déi Plaz wou d'Foussnoutennummer hisoll (d'Nummer gëtt automatesch agesat).

Beispill:

Dat hei ass e Saz, bei deem ech eng Quell uginn.<ref>An hei den Text fir an d'Foussnout.</ref> D'Zuele ginn automatesch agesat<ref>Esou wéi hei, wou eng "2" kënnt.</ref>.

Dat kënnt dann esou an den Text stoen:

Dat hei ass e Saz, bei deem ech eng Quell uginn.[1] D'Zuele ginn automatesch agesat[2].


Bescht Gréiss,

--Zinneke 09:09, 29. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien Zinneke: hunn den Tuyau mat Dank ugeholl an applizéiert, d'Scheedge gesäit elo richteg gutt aus.... ma nach ouni Bild. an där Biller sollte jo nach derbäi kommen, virun allem de "Canyon" arachnaeus 14:18, 29. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Re-Moien,
Ech gesinn Dir hutt Biller eropgelueden. Ech kann Äech se an den Text "abauen", wollt awer waarde bis d'"En-Cours"-Schëld ewech ass. --Zinneke 18:55, 29. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
nach eng Kéier bonjour
dat géif mer schons eng richteg Hëllef sinn, well ech bis elo virun där operatioun kapituléiere muss! Ech hun zwar d'Format vum Link font, ma dat wëllt mer net réusséieren! Do stécht bestëmmt nach en Deiwel entzwousch am Detail :-). arachnaeus 19:01, 29. Abr. 2011 (UTC) PS.: Merci am Viraus arachnaeus 19:03, 29. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Fir e Bild an den Artikeltext anzebannen, muss een den exakten Numm vum Bild gebrauchen. An ärem Fall: [[Fichier:PisteCyclabe Scheidgen.JPG]]. --Pecalux 15:59, 30. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Einfach esou ofknäipe wéi et elo do steet
Moien,
Ech hat geduecht wann ech et hei géif virmaachen da misst et einfach sinn. Copy-Paste kann dach net eso schwéier sinn. Den Numm vum Fichier muss eebe ganz genee de selwechte sinn, wéi deen deen eropgeluet gouf. --Les Meloures 18:10, 30. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Ps: Wat falsch war ass datt am Originalfichier JPG grouss geschriwwen ass, an Dir hutt e kleng geschriwwen. --Les Meloures 18:13, 30. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Fichier:PisteCyclabe Scheidgen.JPG[Quelltext änneren]

Et ass u sech net wichteg op den Numm vum Fichier orthografesch richtig geschriwwen ass oder net. An dësem Fall läit warscheinlech en Tippfeeler vir. Dat kann awer spéider zur Confusioun féieren wann en anere Benotzer de Fichier abanne wëllt an de Fichiersnumm an Ongedanken orthografesch richteg schreift: Fichier:PisteCyclable Scheidgen.JPG. Ech iwwerloossen et awer dem Lizenz-Proprietär ze decidéieren wéi et soll sinn. Et ass kee Problem fir de Numm z'änneren. --Pecalux 06:55, 1. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Gouf geréckelt. --Pecalux 13:09, 1. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. An hei den Text fir an d'Foussnout.
  2. Esou wéi hei, wou eng "2" kënnt.