Benotzer Diskussioun:Bassist

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien. Also dann emol der Rei no: 1) Wann Een engem Aneren Eppes froen, kommentéieren, ziele wëll: Da schreift en him dat op (deem Anere) seng Diskussiounssäit, an en ënnerschreift (sou wéi s du dat gemaach hues). Schreif et awer ënnenrdrun (um Schluss bäi), soss fënnt den Aneren et net gutt erëm. 2) Wann Eppes ze kommentéieren ass und engen Artikelen, da kriss du dat gesot. Soss weess ee jo net wou een drun ass. 3)Tja, dat Lëtzebuergescht. Domat bass de net aleng. Mär alleguer haten (oder hunn) Méi oder wéineger Problemer mat dem „Schreiwen“, well et kaum an enger Schoul geléiert gëtt. 4. Et kann ee sech natierlech iwwerall informéieren, „Haaptsaach, si si richteg, an net eifach kopéiert“, wéi s de seess. 5) Jo, do kann der gehollef ginn. Éischtens hu mär jo eng kleng Aféierung an d’Lëtzebuerger Schreifweis (de Link ass op der Haapsäit). Dat ass schon emol guer net schlecht. Mee dat prakteschst Bichelchen, wat ech kennen ass dem Josy Braun (deen hält am ganze Land Lëtzebuergesch – Coursen) säin: „Eis Sprooch richteg schreiwen“, e Bichelchen vu bal 100 Säiten, dat sech gutt liese léisst, gutt erklärt ass, net deier ass, a wou een nom Durchliesen VILL méi weess. Et fënnt een et an all Bicherbuttek. 6) Wann s de Engem eppes ziele wëlls, dat méi „geheim“ ass, da kanns de och op deem seng Säit goen an „Dësem User eng E-mail schécken“ klicken, da kanns de deem eng richteg E-mail schécken (dee Aneren muss just eng E-mail Adress uginn hunn) déi keen anere gesäit. - Maach der um Ufank net zevill en décke Kapp mat dem Lëtzebuergeschen, well dat ass um Ufank net eifach a besonnesch ass een et net gewinnt. Mee weéi gesot, kuck der fir d'éischt emol eis Säit iwwer d'Schreifweis un, dann hues de schonns de Fouss an der Dier. (A kuck der besonnesch d'"Eifeler Regel" un!!) Wann s de nach eng Fro hues, da looss se roueg kommen. Mär sinn alleguer frou, datt s de mat derbäi bass. --Cornischong 08:24, 21 Abr 2005 (UTC)

Mär, mer, mir[Quelltext änneren]

Tja, dat dierft eng vun de Fräiheete (ouni "n", wéinst der "Eifeler Regel :-)) sinn, déi een sech hëlt. Bei m"ä"r ass et kloer. Du kriss vu mär nach e Kommentar zum Snipes. Awer nach Eppes (ech weess net ob s de dat weess: Du kanns aus deenen anere Wikipediaen esouvill "knäipe" wéi s de wëlls, déi fuere jo all mat deem selwechte Prinzip, mee pass op: Kuck gutt, ob do net Topegkeete stinn!! Et schreiwe jo net ëmmer Leit, déi op hir Quellen oppassen; also am beschten "kritesch" sinn an d'Aen op. --Cornischong 08:42, 21 Abr 2005 (UTC)

Snipes-Gemeckers[Quelltext änneren]

Dann hal dech un :-)
„warscheinlech am meeschte ..“ : „Warscheinlech“ ass ganz kriddelegt Wuert an enger Enzyklopedie, dat huet hei näischt verluer. - „huet heen Danz, Gesang an Schauspillerei geléiert“: Am Lëtzebuergeschen ka „geléiert“ zweediteg sinn: Et weess een da net ob hien dat geléiert huet oder ob hien et geléiert gouf! - „am Film Major League.“: Bei de Filmer huet ee besser, et gëtt een d’Joer an de Regisseur un, well do gëtt et Filmtitelen 6, 7 oder 10 Mol. - „Snipes leed sech net gär op een Stil fest“: Dat ass eng Behaaptung, déi wuel netz e beleeën ass, et ka jo och anescht sinn. – „De Wesley Snipes gehéiert haut zu engem vun deenen beschten Schauspiller an Hollywood,“: Dat ass och esou e Problem; dat ass „fanlastig“ wéi eis däitschsproocheg Kollege soen, munnecheen huet d’Tendenz fir säi „Lieblingsschauspiller“ als „dee Beschten, Schéinsten, Léifsten …“ ze halen. An der däitschsprocheger Wiki gëtt sech zerbalegt, ob de Mozart dee bescht Komponist vun „der Welt, vun Europa, vu ….“ war oder ass. Et ass net einfach beim beschreiwe vu Schauspiller, Kichelcher oder Knippercher „sachlech“ ze bleiwen . Kuck emol an der engleschsproocheger: Do fënns de nach e puer Eenzelheeten. Du kanns jo nach no aneren Detailer bei google krope goen. - - Huel awer lo meng „Kritikasterei“ net zevill tragesch op! Du wolls jo eng riichteraus Äntwert. --Cornischong 09:07, 21 Abr 2005 (UTC)

Wesley Snipes gekuckt[Quelltext änneren]

Ech hu mär deen Artikel vum Wesley Snipes ugekuckt a sinn eng Kéier kuerz orthographiesméisseg driwwergeflunn (cf. Verbesserung). Du schreifs effektiv guer net schlecht. Pass just nach vläicht op d'Eifeler Regel op, an d'Wuert "net" ass eng Ausnam, dat schreift een ouni "ë". Mee dat ass guer kee Problem, mär hunn alleguerten eng Zäitche gebraucht, fir eis un déi Schreifweis-Regelen ze gewinnen a se esou zur Gewunnescht ze maachen. Kee schreift direkt am Ufank ganz perfekt, an och haut nach muss ech mer verschidde Wierder am Dictionnaire (d'"Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch" ass net schlecht) ukucken. Dat kënnt alles mat der Zäit.
D'Eifeler Regel applizéiert sech och bei de Verben. Just net bäi engem Numm, dee bleift invariabel: "Den Här Bollen fiert a Kolumbien Vakanz maachen." --Otets 09:18, 21 Abr 2005 (UTC)

Kategorien[Quelltext änneren]

D'Kategorielëscht ass "systematesch" ze fannen: lénks Spléck "Spezialsäiten" -> "Kategorien". --Cornischong 10:38, 21 Abr 2005 (UTC)

Oder, fir et manner komplizéiert wéi de Cornischong auszedrécken, hei ass den direkte Link op d' Lëscht vun den Haaptkategorien. Dorënner gëtt et natierlech nach jett Ënnerkategorien.
Den Ënnerscheed tëschent Kategorien an de Referenztabelle gëtt hei erklärt. --[[User:Otets|Otets 10:51, 21 Abr 2005 (UTC)

Ring des Nibelungen[Quelltext änneren]

Fuer roueg duer, Zäit ass kee Problem. Markéier däin Artikel just als {{EnCours}} oder als {{Skizz}} esoulaang en nach net fäerdeg ass. --Otets 08:23, 2 Mee 2005 (UTC)

Der Ring des Nibelungen[Quelltext änneren]

Salut. Ma da fuer emol duer. Ech si natierlech besonnesch gespaant drop, well ech mer en heiandsdo ulauschteren. An zwar dem Clemens Krauss säin, wéinst de Sänger oder dem Barenboim säin, wéinst dem formidable Klang. --Cornischong 08:30, 2 Mee 2005 (UTC)

Resalut. Hues de wëlles, déi véier Owenter an een Artikel ze paken; oder een Artikel iwwer dat Ganzt an dann nach véier eenzelner? Ech froen aus rengem Virwëtz. --Cornischong 08:45, 2 Mee 2005 (UTC)

"Fuer roueg duer" (Otets)- " Ma da fuer emol duer." (Cornischong). --Cornischong 08:25, 3 Mee 2005 (UTC)