Benotzer Diskussioun:Boums

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Iwwer geläschten Texter[Quelltext änneren]

"Wollt mol wesse wisous du dei Texter dei ech beim kiischpelt dragesaat hun rem geläscht hues? Et sinn dei offiziel Texter vum Site vum SIK wou ech och webmaster sin."
Kucke mer memol, wéi ech dat matkrut: Den 1. Januar mellt sech de "User:Boums" un. Dee setzt d'Awunnerzuel, d'Fläch vu Kiischpelt an eng Foto an de Artikel. Duerno kniwwelt den Johnny Chicago an den Otets nach e bëssen um Text (just Klameren an um text vum Bild). An da si mer beim aktuelle Stand. Ech hunn dee ganzen Historique vum Artikel "Kiischpelt" duerchgekuckt an néierens eppes matkritt wou en Text soll geläscht gi sinn. Et wier fäin, wann s de mer kann ssoen, wéini a watfir engem Artikel watfir Texte geläscht wiere ginn, well am "Kiischpelt" fannen ech näischt. Et ass op kee Fall hei an der Wikipedia System, fir einfach emol Texter ze läschen; a wann der geläscht ginn, da muss och e Grond do sinn. Also, gëff mer weg un, ëm wat et genee geet, an da renkele mär dat an. P.S. Bei der Foto misst de nach uginn, vu wiem se ass, soss hu mär e Problem dermat. Merci am Viraus. --Cornischong 17:37, 9 Januar 2006 (UTC)

Kiischpelt[Quelltext änneren]

Hei e puer Erklärungen zu dengen Texter:

  • 1)Ech hu verschidden Texter vun dir un de Layout vun der Wikipedia ugepasst.
  • 2) Den Text war identesch mat deem vum S.I. vum Kiischpelt z. B. bei Äischer, a wéint dem Copyright kënne mir net einfach Texter an d'Wiki schreiwen, dei ofgeschriwwe sinn.
  • 3) Mir hun e gewesse System fir d'Uertschaften an d'Wiki anzedroen, an dorun hale mir äis, den Text vun z.B. Äischer ass un d'Wiki ugepasst gin a net gestrach gin

Johnny Chicago 18:34, 9 Januar 2006 (UTC)

An da sichen ech eng hallef Stonn am "Kiischpelt"-Artkel an ech fannen net dat, wat net dran ass. --Cornischong 18:45, 9 Januar 2006 (UTC)
Ech fannen et net terribel witzeg fir Sätz ze liese wéi "wisous du dei Texter dei ech beim kiischpelt dragesaat hun rem geläscht hues?" Lo stellt sech eraus, datt et am "Äischer"-Artikel war, e Wuert dat iwwerhaapt net ernimmt gëtt, an: datt bei deem Falsche geschellt gëtt. Aus mengem Kommentar: "Ech hunn dee ganzen Historique vum Artikel "Kiischpelt" duerchgekuckt an néierens eppes matkritt wou en Text soll geläscht gi sinn." Fir dorops als Äntwert ze kréien: "Ma ech hat eng Beschreiwung vun denen 4 Dierfer dran gesaat, dat gesäiss de och am Historique." fannen ech komplett niewendrun!!!! --Cornischong 21:25, 9 Januar 2006 (UTC)

dat heescht mir hun Rechter do drop[Quelltext änneren]

"Also geheiert daat zesummen an ass en Artikel. Dann, hun ech dei Texter dei ech drangesaat hun an dei och op Sik.lu stin selwer geschriwen, also brauchs du dder keng Gedanken iwer Rechter ze maan. Mee bon, wéi dat ganzt mer virkënnt ass dat hei eng geschlosse Gesellschaft. An ech hun och keen Problem fir mech do raus ze haalen."

Dat hei ass keng geschlosse Gesellschaft, et ass méiglegerweis de geneeë Géigendeel. Et muss dach aliichten, datt hei all Uertschaft säin eegenen Artikel kritt. Wien déi Texter geschriwwen huet, déi "een" hei erasetzt ka kee Mënsch wëssen. "ke Gedanken iwwer Rechter": Op menger Diskussiounssäit steet: "Dei Fotoe sin vum Syndicat d'Initiative, dat heescht mir hun Rechter do drop." Et deet mer Leed awer ech gesinn doran e Widdersproch. Wouhir kann ech iwwerhaapt wëssen, wien d'Foto gemaach huet?? Op der "Eropluden"-Säit steet: "den Auteur an d'Lizenz vum Bild aginn " Dat ass net geschitt. Bei wiem hätt ech mech sollte mellen. Nach elo hunn ech eng Kéier et mam "User" Boums ze dinn eng aner Kéier mat der IP 213.219.186.69 --Cornischong 18:24, 10 Januar 2006 (UTC)