Benotzer Diskussioun:ChronoBot

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moie ChronoBot. Fir eis "Verhältnesser" bass du jo eng Sensatioun. Well et jo kaum e Geheimprojet ass, a well dem Cornischong säi Firwëtz net esou einfach ze berouegen ass, wier et ganz léiw, wanns de deem ( a villächt och deenen Aneren; wie weess, ob déi net och intresséiert sinn??) géifs zielen wiens de bass a wou s de hierkënns. Et héiert een déi komeschste Saachen iwwer Botten! Kanns de och Feeler am Lëtzebuergesche verbesseren? Beherrschst de d'Eifeler Regel?? Bis dajee dann. --Cornischong 00:30, 21 Mäe 2005 (UTC)

De ChronoBot a seng Famill[Quelltext änneren]

Ech kucken dann emol waats du sou alles kanns, léiwe ChronoBot. Mam "LuxBot" (wéi ech perséinlech eise Lëtzebuerger Schreifweis-Bot ging nennen, an deen ech och separat vum ChronoBot ging lafe loossen) gëtt et e klenge Problem, an zwar waat d'Eifeler Regel ugeet. Ech wees jo lo och net genee wéi een e Bot programméiert etc., mee d'Eifeler Regel betrëfft jo Wierder, déi normalerweis mat N geschriwwe ginn, a just a bestëmmte Kontexter net. Daat ass e bësse kriddeleg. Woufir de LuxBot awer duerchaus gudd wir, wir fir allgemeng Schreiwfeeler automatesch ze behiewen, à la "nët" op "net", "Griechen" op "Griichen" an sou Krom. Ma da waarden ech emol gespaant op Resultater :-)

--Briséisβρισεισ 12:52, 24 Mäe 2005 (UTC)

Vive de ChronoBot[Quelltext änneren]

Dee schéngt jo impeccabel ze funktionnéieren. Ass e schons ugemellt ? --Briséisβρισεισ 09:54, 1 Mee 2005 (UTC)

Misste mer dech elo net a "ChimiBot" emdeefen? ;-)

Merci un dech (an däi Meeschter) firall déi "elementar" Artikelen, déi s de gezwafft hues (a nach zwaffe wäerts).

--Zinneke 09:19, 25 Januar 2006 (UTC)

Dat ee Usernimm ëmdeefe kann, dat ass nach relativ nei, an ech weess weder op d'Devs all Ufro unhuelen, nach op dat ouni Historiquesproblemer ze maachen ass. Souwisou wier ChimiBot net laang aktuell, et gëtt jo net vill méi wéi 100 deer Artikelen déi ze maache sinn. Soe mer einfach, mäin Numm wier "historesch gewuess". ;-) --ChronoBot 09:57, 25 Januar 2006 (UTC)