Benotzer Diskussioun:Clausekwis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Zinneke 15:42, 19. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci, wéi gesoot, ech hu scho Saachen ënnert dem User:Kwisatz geschriwwe, mä duerch de Unified-Login ass et elo hei och Clausekwis ginn... --Clausekwis 13:32, 22. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Leider ass et och mr als Bürokrat net méiglech däin aktuelle Benotzernumm mat dem Benotzrnumm User:Kwisatz ze fusionéiern. D'Software gesit (aktuell no méngem Wëssen) nëmmen d'Ëmbennen vun engeem Benotzernumm ënert der Conditioun datt den neie Benotzernumm net scho benotzt gëtt.
mat beschte Gréiss --Robby 15:14, 3. Okt 2008 (UTC)
Jo, schued, vläit muss een dann eemol bäi de Fondatioun nohaken. Ass awer blöd wann een sech mat sengem fréieren User wéi mëll oofgerackert huet (nëtt dass ech daat elo gemeet hätt) an déi Leeschtungen dann net méi ze gesi sinn :( --Clausekwis 06:50, 10. Okt 2008 (UTC)

Suivi E-mail[Quelltext änneren]

Moien,

Däin E-mail mat denger Fro hunn ech kritt; dass (a wéi) een e Mail geschéckt kritt, wann op engem senger Suiv-Lëscht eppes gännert gëtt, wosst/weess ech awer net. Software-Froe sinn net esou Menges... --Zinneke 22:19, 30. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Hmm.. ah... jo, op deenen aanere wiki versiounen ass daat esou, daat ass eng vun den Optiounen déi een an de Preferenzen huet. An ass nawell zimmlech praktesch ;) --Clausekwis 09:08, 3. Okt 2008 (UTC)

Hackerspace[Quelltext änneren]

Dovun hu mer héieren, mer hu jo en Artikel driwwer. Op dat awer elo eppes fir d'Wikipedianer ass weess ech net, schliisslech sëtzen eng Partie vun de reegelméissege Benotzer am Ausland a mer gesinn esi da just eemol am Joer irl. Mee et kéint ee sech dat bei Geleeënheet awer emol ukucke goen, et wier ëmmehin och eng Méiglechkeet nei intresséiert Leit kennenzeléiren deenen een d'Wiki méi no brénge kéint. --Otets 14:40, 9. Okt 2008 (UTC)

Gudde Moien,
Jo, deen Artikel... wien huet dee wuel geschriwwen? ;)
Unzekucke gët et sech am Ament leider nach nët ganz vill. Mir schaffen drunn, fir net ze soen, mir wudderen, mee d'Mille muele lues.
Wann nët vill Wikipedianer zu Lëtzebuerg sinn, waat natierlech och ze verstoen ass, da misst/kéint ee vläit mat engem Wikipedia-Meeting per Mount uffänken. Ech denken awer och, dass sech eng ganz Rëtsch aaner Synergien maache loosse wärten. Wéi's Du richteg sees, kéint een nei Leit kenne léiere an och einfach vun der Infrastruktur profitéieren wann een dann eemol zu Lëtzebuerg ass.
Doniewt huet een direkt vill méi eng grouss Mass vu Leit déi och ginge Wikipedianer-Fuederungen ennerstëtzen an emgedréint dann ev. och.
Ech halen iech op alle Fall mol um Lafenden. Mir hunn haut en Interview an nächst Woch eng Entrevue mat enger kultureller Institutioun. --Clausekwis 06:50, 10. Okt 2008 (UTC)

Moien, bei deem Bild, wat s d'eropgelueden hues, feelt d'Informatioun zum Auteur (Fotograf) an ¨.Ë der Source. Merci, dat bäizesetzen. --Zinneke 21:37, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Oops, dat hei hat ech bis elo net gesinn. Gët gemeet, sorry. --Clausekwis 10:32, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Plättelefeeër[Quelltext änneren]

Moien,
Dat ass en Ausdrock fir een dee gutt ësst, a säin Teller botzt, an deemno säin Teller wéi gefeet (gekiert) ausgesäit.
Les Meloures 09:13, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]