Benotzer Diskussioun:Edoardo
--Cornischong 23:16, 5 Februar 2007 (UTC)
BBC Déifferdeng
[Quelltext änneren]Moien Edoardo,
flott, dass de eppes iwwer de BBC Déifferdeng hei schreiwe wëlls.
Allerdéngs si mat deem, wat s de dohi gesat huet, zwee Probleemer: Deen offensichtlechsten: et ass net op Lëtzebuergesch. Fir däitsch Artikelen gëtt en eng eege Wikipedia.
2. Den Text schéngt aus enger Brochure ofgeschriwwen ze sinn. Ausser am Fall, wou s du selwer den Auteur vun deem Brochurentext bass, oder den Auteur d'ausdrécklech Erlabnes ginn huet, dass deen Text iwwerall ka weiderverbreet a kopéiert ginn, daarf deen Text net op der Wikipedia stoen, well e géint Copyrightbestëmmunge verstousse géif.
Dofir - net erféieren! - läschen ech den Artikel emol, du kanns en awer gär nees uleeën, virausgesat, du häls dech un dat, wat hei uewendriwwer steet.
Op eng gutt Zesummenaarbecht.