Benotzer Diskussioun:Haasi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 09:26, 11 Dezember 2005 (UTC)

Wann s de den Artikel "Blue Shade" mat enger Foto wëlls illustréieren, da muss de se als éischt op d'Wiki eroplueden. Lénks op all Säit fënns de an der Geschirkëscht e Link "eroplueden". --Otets 14:52, 11 Dezember 2005 (UTC)

Wikifizéirung[Quelltext änneren]

Mat Wikifizéirung ass d'Upasse vun engem Artikel un déi formell (cf. "Wikipedia:Stil") an technesch (z.B. bäim éischten Optriede vun engem Wuert dat am Kontext wichteg ass dëst Wuert als interne Link gebrauchen; cf. "Hëllef:Wéi änneren ech eng Säit") Konventioune vun der Wikipedia gemengt. --Otets 18:43, 18 Januar 2006 (UTC)

Elo hunn ech endlech déi offiziell Definitioun erëmfonnt: Wikifikatioun. --Otets 21:51, 18 Januar 2006 (UTC)

Bei de Museksgruppen misst de villäicht oppassen: Do gëtt sou Munneges aus de Fangere gesuckelt mat den "Informatiounen". Wann s de nach kéins déi eng oder aner Websäit uginn. Merci. --Cornischong 00:42, 1 Februar 2006 (UTC)

Fotoe Blue Shade[Quelltext änneren]

Flott, dass de Fotoe vun deer Band eropgelueden hues. Allerdings muss d'op d'Säit vun der Foto derbäischreiwen: den Numm vum Fotograf (däin Usernumm, wann s Du et selwer bass), evtl den Datum, wéini se geholl gouf(en) - fir d'Historiker no eis ;-) an, dat wichtegst, d'Lizenz: et dierfen neemlech idealerweis keng Rechter drop sinn, dh, jidderee muss se kënne weiderbenotzen, firwat och ëmmer. Dës Lizenz heescht GNU-FDL.

--Zinneke 21:24, 7 Februar 2006 (UTC)

Moien,

Dass de Fotograf Däi "beschte Kolleeg a Gittarist vun Blue Shade" ass, ass zwar schéin a gutt, mee dee Mann huet awer als Auteur e Recht drop, ernimmt ze ginn, and d'Regelen vun der Wiki soen, dassen d'Fotoen ausdrécklech ënnert GNU-Lizenz stoe *mussen*: huele mer un, däi Kolleeg ass an zing Joer e weltberühmte Fotograf, dee vum Akommes, dat seng Billerpublikatioune brénge, lieft. Da kinnt heen (theoreetesch) e Prozess géint d'Wiki maachen, well do Biller vun him onerlaabt verbreet ginn. Deemno: et geet manner em däi Kolleesch, mee em de Prinzip, e Projet, un deem dausende Leit schaffen, juristesch aus de Labrenten ze halen. Dofir déi Obligatioun, Fotograf a Lizenz unzeginn. An dat kann nëmmen deen, deen d'Foto eropgesat huet. Du brauchs also just op der Fotossäit dohin ze schreiwen: Fotograf: (Numm); Lizenz: GNU-FDL (mat Erlabnes vum Fotograf eropgesat)". Eréischt dann "wärt daat jo mat der Lizenz jo keen Problem sin" ;-)

Fir de Rescht: dat mat der Schreifweis kënnt no an no (mer stungen all esou do wéi s du am Ufank - wou hätt een s'och geléiert?). Kuck vläit just no, wat verbessert gouf (a firwat), a luuss geleeëntlech op d'Säit wikipedia:Eis Schreifweis laangscht, da geet dat scho mat der Zäit.

--Zinneke 09:11, 9 Februar 2006 (UTC)