Benotzer Diskussioun:InterluxBot

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et mécht net grad Sënn, Interwiki-Lëschten ze hunn, déi méi laang si wéi den Artikel selwer. Am Geigendeel. Wichteg fannen ech virun allem Sproochen, déi méi oder manner vill Lëtzebuerger beherrschen, Weltsproochen a Sprooche vu grousse Wikien. Well wann een zevill deers interwiki-Gedengens huet, da fënnt een zum Schluss déi wierklech wichteg an deem ganze Kuddelmuddel net méi erëm. Grouss interwiki-Lëschte maachen a mengen Ae just op grousse Wikien a Wikie vu Weltsprooche Sënn. Well en Tamil sicht héchsten op der en-wiki oder esou no engem Artikel an ass dann intresséiert, wann en e Link op en Artikel a senger Mammesprooch fënnt. Mee ech schätzen emol, datt d'Zuel vun den Tamilen, déi als eenzeg Friemsprooch Lëtzebuergesch hunn, relativ kleng dierft sinn.

Deemno géifen also ë.a. bleiwen: be, bg, cs, da, de, en, eo, es, et, fi, fr, it, ja, la, lt, nl, no, pl, pt, ru, sk, sl, sr, sv, uk, zh. Dat si méi wéi zwou Dosen, do fënnt ee sech nach dran erëm. Net méi derbäi sinn ë.a.: af, ca, el, he, hu, is, lb, lv, nn, ro, scn, vi, zh-min-nan. Vu datt do e Konsens ze si schéngt, rullt dat dann och an deer doter Form. --Otets 01:07, 18 Jun 2005 (UTC)