Benotzer Diskussioun:Kingstumpf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 21:26, 13 Mäerz 2006 (UTC)

Déi Saach mat deem "Juddepoul" ass mär komplett nei. Et wier ganz interessant, fir dovun eppes an den Artikel ze schreiwen. Keng Angscht mat der Schreifweis! Wann e Problem ass, da gëtt dascho verbessert. Setz wa méiglech eng Foto dran!! --Cornischong 21:37, 13 Mäerz 2006 (UTC)
Nuje, als neien user gin ech nach net ganz eens an mee ech kucken fir dat dann lo des woch eng kéier ze man. Als schüler get den hei och lo gläich schlofen. Wat d'letzebuergësch schreifweis ubelangt, jo ech beherrschen déi net wierklech mee et versteet een mech schon.
--King Stumpf The One And Only 22:02, 13 Mäerz 2006 (UTC)
D'Servere vun der Wikimedia fueren e bëssen nieft de Schinnen haut! Och an der däitscher hu se Problemer. --Cornischong 21:54, 13 Mäerz 2006 (UTC)

Awer w.e.g. elo net Dosene vun eidelen Artikelen, wou drasteet, datt do nach eppes kënnt. --Cornischong 23:42, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Lol, nee secher net! Mäin Gott... Mee ech kennen sou zimmlech all Mensch perséinlech aus deenen Gruppen an vue que datt ech eng kleng Recherche am google gema hun an enner anerem hei gelannt sin hun ech geduecht, do muss awer eppes gema gin. --King Stumpf The One And Only 23:47, 14 Mäerz 2006 (UTC)
En plus as lo wéinstens mol den Link fir déi respektiv Homepage do, waat och sënnvol ass. Peace! --King Stumpf The One And Only 23:49, 14 Mäerz 2006 (UTC)
"do muss awer eppes gemaach gin": - Ma dat ass et ! Du gleefs net, wéivill Leit hei schonns Gruppen-Artikele wollte (Betounung op wollte!) schreiwen. Da gëtt ee mat der Zäit pipeg. Beim drëtte Saz haten déi meescht sech schonns e Broch gehuewen. "D'Wikipedia ass dat wat geschriwwe gëtt." Deeër, déi en Artikel opgemaacht hunn, e Link dra geluecht hunn, an d'Dier lues hanneru sech zougemaach hunn, hate mer schonns dacks. Mär verstinn eis :-)) --Cornischong 00:13, 15 Mäerz 2006 (UTC)
Lösch déi Säiten mol rem ganz wans du wels, well ech hun keen Bock nach weider ugepisst ze gin... MFG King Stumpf The One And Only 15:27, 15 Mäerz 2006 (UTC)