Benotzer Diskussioun:MartinaRoell

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
  • Salut vun äis alleguer. Mäer waren äis kuurz op der däitscher begéint (mat der Foto vum Péitrussdall). Ma dat doten fannen ech flott, esou hu mer e routinéierten Wikismann bäikritt. Du wees, datt et um Ufank e bësse lues geet; déi éischt 100 000 Artikelen si jo déi schwéiersten. Wanns de eng Fro hues, da looss se kommen. --Cornischong 15:10, 10 Oct 2004 (UTC)

Moie Martin. Schéin, datt s de heiandsdo un eis denks. Merci fir d'Foto vu Clausen. Et wier ganz flott, fir mol geleegentlech hei vun der ze liesen. Mat denger Schreifweis ass guer kee Problem; fuer roueg lass, mer kucken driwwer. --Cornischong 00:33, 18 September 2005 (UTC)

Villmols merci fir d'Korrektur vun menger Benotzersäit, Cornischong! Dat ass genial, esou dei richteg Schreifweis zu léieren! --Martinroell 09:39, 22 September 2005 (UTC)

Ass déi "Check & Wonschlescht" op denger Usersäit d'Lëscht vun den Artikelen déi s de nach gäre selwer schreifs? Ech wëll nämlech net virgräifen an der ee vun denge Lieblingstheme "klauen". --Otets♣ 17:27, 23 Dezember 2005 (UTC)

Nee, fuer nëmmen firun! Ech hun déi Lëscht nemmen ugeluecht fir ze gesinn, wei eng Artikelen, der ech an der däitscher Wikipedia geschriwwen hun, nach net an der lëtzebuerger Wikipedia existéieren. Dat soll och eng Inspiration fir aner Leit sin, dei ze schreiwen (et ass jo villaischt mei liischt, wa schon een däitschen Artikel existéiert, wei wann ee ganz fu Null ufänke muss). Wann Du een vun deene schreiwen wëllst, sin ech frou! --Martinroell 21:18, 23 Dezember 2005 (UTC)

Moien am neie Joer, Martin. Tjëft, dat ass awer séier gaange mat der Foto vun Éiter. Bass de hei an der Vakanz? Op alle Fall, Merci fir d'Foto. --Cornischong 17:33, 1 Januar 2007 (UTC)

Gär geschitt! Jo, ech kommen baal all Joer fir Chreschtdaag op Letzebuerg. Vill Gleck am neie Joer! --Martinroell 19:39, 1 Januar 2007 (UTC)

Salut Martin, ech wees nët ops de mech nach kenns, ech sin dem Georges säi Brudder (ah, deen ass iwwregens virun 3 Woche Papp gin), hues du den Artikel iwwer Éiter verfaasst? Ech wees nët ops de schon deen um däitsche Wikipedia fonnt hues - (wa nët da fënns de ën wanns de nom Artikel "Oetrange" kucke gees) - den hun ech geschriwwen, ën ass zwar och schon vun aanere gekierzt gin, wat och nët sou falsch wor mee ech hu probéiert fir ee Link vun dem lëtzebuergeschen "Éiter" op den däitschen ze maachen, am Ufank stoung en och do, mee wann ech fir d'nächst kucke wor, haat entweder rëm een ë wech gemaach oder huet scho vun Ufank un nët geklappt, wees du eppes doriwwer? --Xavierschmit 14:51, 21 Mee 2007 (UTC)

Ich weiß nicht ganz genau, was da passiert ist, aber jetzt stimmt der Link auf jeden Fall. Willkommen bei Wikipedia! [1] ----Martinroell 16:27, 18 Juni 2007 (UTC)