Benotzer Diskussioun:Muerzel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Les Meloures 07:53, 25 September 2007 (UTC)


Copie vun der Diskussioun am Artikel Beeler[Quelltext änneren]

Moien,

Motorieder a Motorrieder

Ech hat Motorieder geschriwwen.

Well ech net direkt eng Iwwersetzung fonnt hat, hat ech mech op aner Iwwersetzungen aus dem DFL verlooss wéi z.B Motocyclette a Motocross.

An da gouf et och nach den Artikel Ariel (Motoen) ugeluecht vum Cornischong, deen esou wäit wéi ech weess meeschtens gutt an der Lëtzebuerger Sprooch op Zack ass.

Les Meloures 13:29, 8. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

Wéi s de vläicht gemierkt hues, ass ënnen op der Säit fir z'änneren e Knäppchen op deem Preview steet. Deen ass geduecht, datt ee sech bei Verbesserunge ka ukucken, wat e verbessert huet, a wat een iwwersinn huet, an och datt een esou onnëtz a repetitiv Edite vemeide kann. De Kommentar bei der Vebesserung soll och sachlech sinn. Mir bieden ons Mataarbechter sech un déi kleng Spillregelen ze halen. Les Meloures 20:59, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Remoien,
Ech huelen un du kanns dech net méi un deng Bemierkung vu gëschter erënneren: Et ginn déi frëndlech Leit an déi "aner" an der Dikussioun vum Artikel Cherrytree. An där Diskussioun gouf den Auteur vum Artikel op seng Feeler opmierksam gemaach. Ech wees elo net, ween s de mat deene frëndlechen a wee mat deenen anere gemengt has, mee op jiddfer Fall gouf do den Auteur vum Artikel op déi vill Feeler opmierksam gemaach. Dat wat ech der geschriwwen hunn, ass och eng Direktiv a anere Wikien wéi z.B an der fr:Wiki déi seet:
boîte de résumé : un usage raisonnable de la boîte de résumé est impératif.
Moins que partout, une insulte ne peut y être tolérée, de même qu'une mention contraire à la modification réalisée. On y évitera généralement toute inscription désinvolte ou inconsidérée.
évitez d'apporter un grand nombre de modifications mineures successives à un article.

Les Meloures 22:29, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]