Benotzer Diskussioun:Mumm Kéis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 18:21, 6 Jun 2005 (UTC)


Merci fir de frëndlechen Empfang. Dëser Deeg hat ech nomëttes wollten eppes iwwer de Max Goergen schreiwen, mee nodeem ech ofgespäichert hat, war schonn en Aneren amgaang drun ze schreiwen an ze froen, ob ee giff wëssen, wéini de Goergen gestuerwen ass!! Wat ass dat de fir en Zinnober? Firwat kann een net gemitterlech un engem Artikel schreiwen, bis dass e fäerdeg ass? An dat Bossecht dobäi ass, ausser klenge Piddlereien schreift keen en Artikel vu méi wéi zwou, dräi Zeilen. A wéi ass dat, dass eng lëtzebuergesch Wikipedia sech mat däitsche Riedensaarten ofgëtt, wéi Böhmisches Dorf? Wat ass am Wörterbuch ze gesinn: "dat si béimesch Dierfer fir mech - dat könnt mer béimesch fir , (das nimmt mich wunder). Ma du sees et. --Mumm Kéis 22:49, 7 Jun 2005 (UTC)


Also géint déi Aussoe wëll ech mech awer an aller Form wieren ..... An dat Bossecht dobäi ass, ausser klenge Piddlereien schreift keen en Artikel vu méi wéi zwou, dräi Zeilen. --Alexandra 06:48, 8 Jun 2005 (UTC)


=== "Was du ower och Schiele méchs, Koséng Ficelle. 'T geet jo all Kéier fir d'hallef Gromper." === (seet den Dulles am Max Goergen sengem "De Pontemetti".
Hei sinn Artikelen ze fannen, déi aus 6.225 Wierder bestinn ("Portugal") an et ginn der vun 28 Wierder (deen iwwer den "Isi Comes"); an d "Piddlereien" sinn onbedéngt noutwenneg fir de Stall propperzehalen. Mee dat mierkt een eréischt no enger Zäit am Rad. "schonn en Aneren amgaang drun ze schreiwen": Bei iwwer 17.000 Mataarbechter kann et emol virkommen, datt Een deem Anere wëll "eng Hand upaken". --Cornischong 07:51, 8 Jun 2005 (UTC)

Fir ze verhënneren, datt en aneren an däin Artikel wulle geet, ier s de en iwwerhaapt fäerdeg hues, setz einfach e klenge Spoiler uewen an däin Artikel: {{EnCours}}

Da weess jiddereen datt do nach dru geschafft gëtt. Am Artikel selwer gesäit sech esou e Spoiler follgendermoossen un:

Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

--Otets♣ 08:18, 8 Jun 2005 (UTC)

Léif Madamm Kéis,

well ech dee "Piddeler" woar, wollt ech och nach kuerz mäi Pefferkäerche bäidroen: Wéis de gesinn hues, ass den Emgangstoun hei zimmlech direkt; huel et awer net queesch, et soll net als Onhéiflechkeet opgefaasst ginn:-)

Wéi den Otets schrouf, kann een duerch d'Schantche-Bild (dat duerch d'Schreiwe vum Text "EnCours" tëschent je 2 Akkoladen automatesch agesat gëtt) déi Aner vu sengem Artikel ewech hale, bis dee fäerdech ass. Well wéi soll een Anere soss gesinn, ob nach eppes nokomme soll oder nët? Jidderee schreift grondsetzlech souvill e weess, an dat flott ass jo, dass dann anerer hiert dobäibrénge kënnen.

Am Fall vun dengem Artikel (iwregens tipp-topp) hat ech jo virun allem d'Emgeréits ("Literaturkëscht", Kategorie, asw.) agesat, fir dass den Artikel vum Erscheinungsbild hier deenen aneren zu deem Thema sollt gläichen. An dobäi am Commentaire just drop higewisen, dass dem Här Goergen seng "Eckdaten" nach net komplett waren...

Näischt fir Ongutt, deemno, an Op eng gutt Zesummenoarbecht,

--Zinneke 15:35, 8 Jun 2005 (UTC)