Benotzer Diskussioun:Otets/Archiv 1

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sport a Spill[Quelltext änneren]

Moien. Alles an der Rei. Schéin, datt een sech ëm de Sportsrayon këmmert. --Cornischong 22:23, 3 Feb 2005 (UTC)

IP an Aloggdommheeten[Quelltext änneren]

Sali

Dorunner kann ech nix änneren, den Historique vun enger Säit ass net verännerbar. Mee daat mecht awer näischt. Du kanns bei de Preferenzen och astellen, datts de dauerageloggt bass, daat man ech zB well da muss ech net ëmmer drun denken :-)

--Briséis 23:42, 3 Feb 2005 (UTC)

Schueberfouer an esou[Quelltext änneren]

Gudden Owend Otets. Merci fir d'Schueberfouerseenzelheeten. Mee ech mengen, mer missten eis mol zuguddtesch an de Jang-Artikel eraknéien. Hues de do eng "speziell" Ahnung vum Thema? freet de --Cornischong 22:40, 8 Feb 2005 (UTC)

All Respekt[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Ma da wäert ech mer haut de Mueren dat Ganzt emol ukucken. Do ass jo e Batz bäikomm. Mär liesen eis. Lo geet et awer och op de Juck. --Cornischong 03:07, 9 Feb 2005 (UTC)

Chronologie-Interwiki[Quelltext änneren]

Sali

Ech hu gemierkt datts du eis och e bëssen ënnert d'Äerm gräife wëlls mat der lästeger Chrono. Daat ass ganz léif :-) Kéins du nëmmen drun denken, fir d'Interwikilinks (also déi Links zu Wikien an anere Sproochen) eis bei d'Englänner bäizesetzen ? [[lb:nummvuneisemartikel]]. Grazie :-)

--Briséis 08:33, 12 Feb 2005 (UTC)

Gaston a Copyright[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg. Esou flott dat Gaston-Bild och ass, mee et muss (leider, leider!) wéinst Copyrightgrënn erausgeholl ginn. Ech hunn awer schon en Ersatz op der franséischer fonnt (en Tuyau vum Zinneke¨). De Gaston plënnert. Wéi gesot: Et deet mer wierklech Leed, mee mat dem Copyright ass net ze spassen (--> Disney an esou weider). --Cornischong 12:18, 21 Feb 2005 (UTC)

1867 an aner Joeren[Quelltext änneren]

Sali. Engersäits misst ech jo soen "Juppi, e Joer manner ze maachen", anerersäits bass du grad a "mäin" Territoire agetrueden. De Charel huet jo am Staminee proposéiert, sech d'Chrono opzedeelen. Dobäi hunn ech mech bei d'19. Joerhonnert geschriwwen. Ech brauch villäicht meng Zäit, mee ech man daat schon nach an et féiert nëmmen zu Gedeessems wann do een an deem aneren seng Arbecht wurschtele geet =) --Briséisβρισεισ 21:55, 25 Feb 2005 (UTC)

Ëmwelt an esou[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Hätte mer net besser, mer géifen deen Artikel "Ëmwelt" nennen? --Cornischong 02:45, 27 Feb 2005 (UTC)

Relioun ok[Quelltext änneren]

ok. --Cornischong 15:58, 28 Feb 2005 (UTC)

Chronologie[Quelltext änneren]

Sali

Ma winni déi Säiten opgefëllt ginn, steet nach e bëssen an de Stären. Ech wollt an enger éischter Phas de Kader fir all Joer dohinnersetzen, fir datt herno jiddfereen bei Bedarf afëlle kann, a fir datt e Kader einfach steet. Daat selwecht hunn ech bei den Deeg gemaach, daat waren der gottseidank manner, do goung et méi schnell. --Briséisβρισεισ 20:16, 28 Feb 2005 (UTC)

Gudde Moien. Well ech nach hei erëmspuken ginn ech der alt eng Äntwert aus menger Perspektiv. Et ass natierlech eng gutt Iddi. Mee et feelt eis u "Fachleit", fir de Bot op Orbit ze schéissen. Virun enger Zäit sollt schon eppes lancéiert ginn, mee et "gouf näischt drauss"! Wéi ass et mat där? Wéivill "Ahnung" hues du dovunner? --Cornischong 01:36, 3 Mäe 2005 (UTC)

Merci fir deng séier Äntwert. Tja, op déi eng Manéier fillen ech mech net grad stabil op de Bee mat de Boten. Op déi aner hunn d'Zwerge och kleng ugefaang. Ech hëllefen der gär, mee erward der net Wonner vu mär. Hei haten der schon dräi domatter sollten hantéieren, mee vun en allendräi ass net méi vill ze gesinn. Dat ass schued, mee dat misst scho rullen. D'Briséis misst sech bannent kuerzer Zäit och mellen. Déi Admins-Saach ass kee Problem, do lafen der jo dräi mat deeër Kap hei erëm. Sou niewebäi gesot: Ech hunn nach ëmmer déi Zäit, déi an dat Chronologiegeseessems gestach gouf verpolvert, mee ech verstinn och d'Briséis, dat déi Saach gäre fäerdeg hätt. Deejéinegen, dee fir d'lescht mat der Chrono wollt direngelen, huet anscheinend d'Dier lues hanneru sech zougemaach. Wat ech mech allerdéngs elo foren: Lount et sech nach fir nach vill Zäit (??) un e Bot ze hänken, well net méi grad vill vun der Chrono bleift. So mer wat ech der kann hëllefen. Ech kucke fir un d'Briséis ze kommen an halen dech um Lafenden. --Cornischong 02:15, 3 Mäe 2005 (UTC)

De Rëtschvokal stéisst op ee[Quelltext änneren]

Resalut. "mat deeër hie keng Kanner hat". Ech verstinn dass dat komesch ausgesäit (wéi bei Jeeër, leeën, seeën, gëeelst, oder gëeetert) mee de Rëtschvokal <e> kritt en Treema, wann en op <ee> stéisst. Also ... --Cornischong 02:35, 3 Mäe 2005 (UTC)

Schreifweis 2[Quelltext änneren]

"huet en ugefaang" - "Spéider huet en zu Pasadena": Aus dem "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch": "er": hien / en; "er hat keine Zeit": hien / en huet keng Zäit.
Merci fir d'Verbesserungen (et war "e bësse séier gaangen"), mee heiandsdo steet och eppes Richteges do :-) --Cornischong 02:50, 3 Mäe 2005 (UTC)

Bot a Bett[Quelltext änneren]

Dem Briséis hunn ech emol Bescheed gesot. Mee elo verschwannen ech emol op de Juck. Bis haut. --Cornischong 02:56, 3 Mäe 2005 (UTC)

Ech hu kee Problem mat engem Bot wanns du a) wees wéieen mat esouengem Déier ëmgeet a b) deen dann och artgerecht umells (-> [1]). A wanns de dech nach méi besser gudd auskenns, da bräichte mer och nach en Interwiki Bot =) --Briséisβρισεισ 10:56, 3 Mäe 2005 (UTC)

Géigepeepst um Scheiterhaufen[Quelltext änneren]

Salut. Dat mat dem Poopst ass kloer: Géigepoopst (well déi zwee Konsonante verdoren sech net mateneen) mee däi "Jenseits": Ulala, do hëlleft nëmmen e Konschtgrëff. Deemno wéi däi Saz ass, villäicht "nom Doud" oder ganz einfach "Jenseits" (huel einfach dat!). Awer mat dem "Scheiterhaufen", dat ass schlëmm. Ech hat emol mat zwee Sproochmatesse rieds, déi mer allenzwee gesot hunn, wa mer kee Wuert hunn, da solle mer einfach dat huelen, wat am nooste läit: dat däitscht Wuert oder dat franséischt. An dësem Fall wierkt de "Bûcher" e bëssen topeg. Mee soosse mer äis net zevill Suerge maachen. Wa spéider een eppes Besseres fënnt, da kann en et dra schreiwen. Iwwregens: Mer kéinten eis eng Säit maachen, wou Een, deen "Schreifweisproblemer" huet (a wien huet keng!?) seng Froe kéint oflueden. Wat mengst de? Ech hu schon Artikele net geschriwwen, well ech Problemer mat de Wierder hat. Eng Fra, déi Psychiater ass? Psychiatrin, Psychiaterin, Psychiatresch (dat lescht geet net gutt, well et do eng Adjektiv gëtt). --Cornischong 13:22, 3 Mäe 2005 (UTC)

datt s de och bei mär bäi- a lassklamers. Mat dem "jüdisch" ginn ech och net schlau. "jiddesch" dierfst et net sinn. Ech mengen, dann huele mer "jüdesch", wann eng Kéier Een et beser wees, da kann en et änneren. ok? --Cornischong 23:08, 5 Mäe 2005 (UTC)

Michel Rodange[Quelltext änneren]

Deen Dictionnaire aus dem Michel Rodange kennen ech iwwerhaapt net (dat wonnert mech). Wat ass dat? De 5-Bänner hunn ech, mee deen ass absolut net méi ze gebrauchen. Deen neien "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch" aus der Saint Paul ass (fir eis Verhältnisser!!) allerhand gutt. Kuck der deen emol eng Kéier an engem Bicherbuttek un!

beim "bäim"[Quelltext änneren]

Beim "bäim" hunn ech mech gewonnert. Dat ass wuel : bei, bei dem, bei den. --Cornischong 15:46, 6 Mäe 2005 (UTC)

Gewebekunde[Quelltext änneren]

Beim "Gewebe" (am Biologeschen) hunn ech nach ëmmer "Tissus, Tissusen" geholl. Bei der Kunde hat ech bei der "Geschicht" Léier vun ... gebraucht. Dat schéngt mer (zwar ass et eng "Ëmschreiwung", mee ech mengen, dat passt iwwerall hin) dat "Brauchbarst" ze sinn. --Cornischong 00:50, 7 Mäe 2005 (UTC)

Bei Geleeënheet kannst de mol op menger Diskussiounssäit kucken, wat den Achim Raschka (de Biologie-Spezialist an der däitscher Wikipedia) mer geäntwert hat, wéi mer sollten d'Gedéiesch andeelen. Mer waren eis eens, fir "de fënnef Räicher-System" ze gebrauchen. Dat huet zwar e puer Nodeeler, mee wéi den Achim eis zielt, ass et fir "eis" wuel am prakteschsten. Wann ech mol ausgeschlof sinn, kommen ech dorop zréck.

O mei. Do gëtt et schlëmm! Mol zu denge Beuspiller: de Projet, Projeten; den Tissu, Tissuen; en Ticket, Ticketen (oder e Billjee, Billjeeën). Déi Leit vun dem "Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise" (an anerer) hu sech 1999 wierklech vill Méi ginn, fir dat Ganzt vill (!) méi einfach ze maachen. Awer de Plural mat sengen Eenzelheeten ass en décke Batz, dee bei Josy Braun sengem Buch vill Säite brauch. Et lount sech wierklech fir dat ze kafen, well et léisst sech hei net behandelen. E puer Beispiller aus deem Buch: e Besoin, Besoinen; en Devis (le devis), Devisen (!!!); eng Poubelle, zwou Poubellen AWER (Eifeler Reegel !!!) zwou Poubellë voll maachen (jo, jo); zwou Pièce-montéeën. T'ass gutt, ech hale jo schon op. Gutt Nuecht awer. --~~

Regelen a Systemer[Quelltext änneren]

Ier ech mech verzéien: Esou "speziell" déi nei "offiziell" Schreifweis och ass. Mer kënne frou sinn, datt mer endlech mol koer Regelen hunn. Ech mengen, datt et net gutt ass, wa jiddfereen sech seng Schreifweis eraussicht. Mer haten hei (besonnesch um Ufank) schlëmm Problemer (besonnesch mat den Uertschaftsnimm !!, déi nach net an der Rei sinn!!) mat der Schreifweis (Lëtzeboier; jo, jo, a wéi ech deem Gudden virgeschloen hunn, dat emol nozekucken, krut ech geschriwwen, ech soll "net ufänken fresch (sic!) ze gin".
Zu der Systematik vun de Liewewiesen. Ech leeë nawell (no Diskussioune mat Jenni a Menni, an no e puer Maile mat dem Achim) grousse Wäert op d' "5 Räich-Systematik", déi iwwregens naäischt mat Laiensystematik ze dinn huet. Wéi den Achim och schreift, ass déi "aner" hei kaum ze praktikzéieren. Mer hunn iwwerhaapt wéineg Grond fir virun de Weenchen ze lafen. Mär hu schon e gudden Ufank mat eise "Basisartikelen", déi nach opgefëllt musse ginn. An natierlech d'"Viren, Viroiden an Prionen", mee déi spille jo an engen eegenen Orchester. Souwisou ass de "Problem" mat der Taxonomie ni absolut ze ze léisen an dauernd a Beweegung. D'Lynn Margulis kënnegt souwisou an der zweeter amerikanescher Oplo vum "Five Kingdoms" allerhand Heiegkeete bei de Protoctista Pr-20 "Cnidospridia" un. Déi sollen opgeléist ginn an op dräi oder véier nei Stämm verdeelt ginn. Mee deenen hir Suerge bräichte mer nach :-)) --Cornischong 03:31, 7 Mäe 2005 (UTC)

Fréier war alles méi schéin[Quelltext änneren]

Salut Otets. Lo kriss de mol eng Iddi, wat fréier hei eppes verluxembourgoiséiert gouf. Ech kucken dat Gestatiks no, mee net méi elo. Well wann ech op d'Auer kucken a bedenken, datt mär zwee nach aleng hei "erëmspuken", da kréien ech Tréinen an d'Aen. --Cornischong 00:37, 11 Mäe 2005 (UTC)

Statistiksäit[Quelltext änneren]

Sou, lo wollt ech dat an d'Rei maachen, mee do kommen ech net drun. Bei mär kënnt keen "änneren" Reider. --Cornischong 12:12, 11 Mäe 2005 (UTC)

Salut. Ech hunn nëmmen ee Reider uewen: "Spezialsäit". Mer kommen drop zréck. --Cornischong 17:02, 11 Mäe 2005 (UTC)

Nico Langehegermann[Quelltext änneren]

Eng kleng Informatioun: De Nico Langehegermann stellt de Moment seng gemolte Biller an der Galerie Becker an der Stad Lëtzebuerg aus. --Johnny Chicago 22:59, 13 Mäe 2005 (UTC)

Nach eng kleng Informatioun: Et stung e groussen Artikel am Lëtzebuerger Wort iwert dem Nico Langehegermann seng Billerausstellung. --Johnny Chicago 23:03, 13 Mäe 2005 (UTC)

Eifeler Jazz[Quelltext änneren]

Mer gi jo dovun aus , fir d'Wuert Jazz englesch auszeschwätzen (djäs). Wann ech dech richteg verstanen hunn, da sees du "e Jazzmuseker". Well dat mer "komesch" virkoum, hunn ech der emol e puer gefrot, déi sech alleguer secher waren, si géifen "en Jazzmuseker" soen. Ech hunn déi Fro weiderginn, a wäert an deenen nächsten Deeg eng Äntwert kréien. Ech wäert mech da mellen. --Cornischong 00:30, 18 Mäe 2005 (UTC)

Lidder a Lieder[Quelltext änneren]

Dat klassescht "Lied" (Konschtlidd)(Schubert, Schumann, ....) heescht op franséisch lied, an op englesch lied. Da ginn ech dovun aus, datt et och op Lëtzebuergesch esou heescht, well och mär keen eegent Wuert dofir hunn. Et geet hei jo net ëm Kannerlidder oder Vollekslidder. --Cornischong 00:53, 18 Mäe 2005 (UTC)

Eifeler Kalenner[Quelltext änneren]

De Josy Braun ernimmt ausdrécklech "de 4. Mee" (net ausgeschwat --> net geschriwwen) --Cornischong 01:36, 18 Mäe 2005 (UTC)

Salut. Et leeft jo schon op d'Minutt chrono-synchron. Mee schliisslech heescht e jo esou. Ech si frou, datt déi Saach (fir mech mat siwe Sigelen!) urulle soll. D'Briséis wäert sech besonnesch doriwwer freeën, well dat sech am schlëmmsten mat dem grujelechen Chrono-Getriwwels reringt huet. Looss d'Saach flutschen. A wa mer eng Kéier beim Patt sëtzen, erklärs de eis Alles. --Cornischong 00:42, 21 Mäe 2005 (UTC)

Cat réckelen[Quelltext änneren]

Salut. Ech sinn ze domm fir dës Welt. D'Category léisst sech net réckelen. An an der Lescht vun de Category(en) ass weder déi eng nach déi aner drop. --Cornischong 17:39, 21 Mäe 2005 (UTC)

Salut. Merci, vu mär aus wier ech do net drop komm. Nach dat hei: Mäin Informant iwwer d'Schreifweis huet mer haut verroden, datt d'Saach mam "d'Jazz" wierklech esou ass. An der nächster Oplo steet dat dran. --Cornischong 00:47, 22 Mäe 2005 (UTC)

Link Klameren[Quelltext änneren]

Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen...Ech soll net esou spéit an d'Bett goen... :-)) --Cornischong 14:31, 23 Mäe 2005 (UTC)

an a Ma'nsgrëßt[Quelltext änneren]

Salut. Wéi solle mer de Renert-Artikel nennen? "Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt" oder am Newspeak "Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst". Wat mengst de? Ech sinn haut e bësse méi spéit erëm do. Bis herno. --Cornischong 18:14, 28 Mäe 2005 (UTC)

Weesesäiten[Quelltext änneren]

Bei de Spezialsäiten kréien ech uwen nëmmen een eenzege Reider, mee net dee vum "réckelen". Ech froen emol den Zinneke. Mam Renert si mer äis eens. --Cornischong 19:55, 28 Mäe 2005 (UTC)

Neologismen[Quelltext änneren]

Wat maache mer mat den Neologismen" (23.01)? --Cornischong 23:43, 28 Mäe 2005 (UTC)

Wann et em déi Neologismen am Lëtzebuergeschen geet an wann ech matschwaetzen dierf, dann mengen ech dass déi Beispiller keng Neologismen sin, just semantesch Verännerungen, d.h. Sënnännerungen. -- Kniwwla 23:55, 28 Mäe 2005 (UTC)

Ech loosse mar dat nach duerch de Kapp goen. De Kniwwla huet guer net Onrecht (@Kniwwla: Ma natierlech däerfst de matschwätzen). Dat Thema "Neologismen (oder wéi solle mer se nennen?) huet absolut en Artikel verdéngt, mee dat gëtt net eifach. Also loosse mer se "provisoresch" mol stoen, obwuel et engem "friem" virkënnt. Deem als Éischten eppes afält, weist de Fanger. --Cornischong 00:27, 29 Mäe 2005 (UTC)

Wope vu Bréissel,[Quelltext änneren]

Moien Otets,

ëntschelleg, dass ech nach net g'äntwert hat, mee ech hat gesinn, dass de schons e Wopen dohinner gezwafft has. Dee gesäit mer zimmlech 'selwer gemoolt' aus, jiddenfalls net wéi wann e vun offizieller Säit designt gi wir. Wann deng 'Quell' näischt dergéint huet, mengen ech, kinnt een deen emol stoe loossen.

Ech fir mäin Deel hu näischt op dem Site vun der Stad Bréissel fond, wat de Gebrauch ugeet. Mee et kinnt een dovunner ausgoen, dass d'Belsch änlech Bestëmmuge kinnten hunn, ewéi d'Lëtzebuerger (doriwwer goufen et scho Contributioune vum Briséis a Cornichong virun e puer Méint).

Falls ech méi erausfanne sollt, mellen ech mech!

--Zinneke 09:55, 29 Mäe 2005 (UTC)

Iessen an Drénken[Quelltext änneren]

Beim Artikel "Ernierung" gesinn ech Problemer. Do lafen e puer Wierder hin an hier, déi éischter an déi däitschsproocheg Wiki gehéieren (Vollwert, Trennkost, Sportnahrung an den Titel selwer). Awer mär fält keen uerdentlecht Wuert dofir an. Do hunn ech alt geduecht, den Otets weess dat. (Ech dauchen herno nach op) --Cornischong 21:46, 29 Mäe 2005 (UTC)

Ech sin der Meenung dass Trennkost en Neologismus ass, deen duerchaus agebiergert ass, an dass et sech bei Vollwert an Sportnahrung em Lehnwierder handelt, déi en duerchaus stoen loosse kann, well et wuel keng letzebuergesch Begreffer dofier gett. Wann et der géifen, wären dei, wann et sech em Iwersetzungen handelt, souwiesou plus/minus d selwecht dt"Vollwert"=>lux."Vollwert","Sportnahrung"=>"Sporternierung" mais bon tass meng Meenung --Kniwwla 21:56, 29 Mäe 2005 (UTC)

Ech hänke mech dann hei drun: "Vollwert" gëtt et zuguer am Däitsche net; déi kenne just eng "Vollwerternährung. An, wann et esou ze gebrauche wier, da wier et "Vollwäert". "Trennkost": Déi Saach mat "kost" friesse mär hei net, dat wier e bësse vill. Dann zu der "Sportnahrung": Lo si mer schonns bei "nahrung" ukomm! Esou aarmséileg kann d'Lëtzebuergescht awer net sinn.
Virun enger Zäitchen hat ech emol virgeschloen, eng Säit opzemaachen, wou déi Mataarbechter, déi no engem lëtzebuerger Wuert sichen, hire Bobo kéinten an e "Reider" hänken, an domat eventuell Hëllef vun Anere kriten. --Cornischong 22:45, 29 Mäe 2005 (UTC)

Hues scho Recht dass dat eng trauresch Geschichtchen ass. Ech haett zwa souwiesou geduecht dass "Vollwert" net alleng stoen kann an mam Wuert "Ernierung" a Verbindung stoe muss, mä Vollwerternierung heiert sech wierklch net schein un! FIer "Nahrungsmittel" gett bei eis am Land d Wuert "Liewensmettel" benotzt (sou wait ech wees) sou dass een d Wuert "Sportliewensmettel" oder "Sportlerliewensmettel" benotzen keint? Wat Trennkost ubelaangt...do wees ech net weider, tscheint mer net vill meiglechkeeten ze gin, "kost friesse maer hei net" ,jo, just a verbindung mat trenn awer vlait? EDIT: NEE tass mer just een Geeschtesbletz (!) komm: Trennkascht! Dat ass doch schon eng ganz Rei besser oder? :o --Kniwwla 22:53, 29 Mäe 2005 (UTC)

Do hues de Recht. (mam Trennkascht) Wat ass iwwerhaapt lass haut den Owend? Et weisen sech der net vill ausser den "treien Trapp" Zinneke. Mär maachen hei am Otets senger Sandkaul eng Patience, an dee läit schon um Juck!? --Cornischong 23:05, 29 Mäe 2005 (UTC)

do kann een wuel net vill maachen, deen waer sech iwer deen Spam hei freen :D Sin am Gaangen z iwerléen wou ech all dei biografesch Donnéen zu mengen Dialektologen a Sproochwesseschaftler opdreiwen, an wei mer dei Saach mat der Erfuerschung vum Letzebuergeschen ugoen waerten. Wei ass et iwerhaapt mat den Neologismen, haat do mol een Versuch gestart! --Kniwwla 23:17, 29 Mäe 2005 (UTC)

Ech kniwwelen emol um Titel: "Nei Wierder am Lëtzebuergeschen" ass dat Bescht, wat mär agefal ass. Wat mengst du zu deem? Wa jo, da rappe mer un --Cornischong 23:39, 29 Mäe 2005 (UTC)

Als Titel fier en eenzelen Artikel iwer neologismen? wann jo..argh dat kann een hei sou schlecht beschwaetzen, hues de keen instant messenger oder sou, dat wier vlait mei einfach en plus brauch een da just nach dei wichtegst informatiounen heihinner ze schreiwen, dat wier alt mei iwersiichtlech. Ech selwer hun icq an den msn. mä wat den Numm ubelaangt..Nei Wierder jo, mä dat deckt jo net dei Wierder of dei eng Sennveraennerung matgemaacht hun, d WUert Neologismus ass schon dat eenzegt wat wierklech alles ausseet, an dann kéint een et enneradeelen an 1. deen titel wous du genannt hues, 2.semantesch veraennerungen..3.asw. asf. wat haells de dovunner --Kniwwla 23:46, 29 Mäe 2005 (UTC)

Mer kommen der Saach op d'Spur. Wann den Otets haut opdaucht, däerf deen och nach säi Pefferkär derbäiginn. --Cornischong 23:54, 29 Mäe 2005 (UTC)

Sou, lo sinn ech mer mam Plural eens (ech hat e Problem mam Plural vu Neologismus, mee dat as an der Rei!!). Also, Huele mer als Titel "Neologismen am Lëtzebuergeschen" mat ënner Anerem "Nei Wierder am L." an dann deng Ënnerdeeleungen?? Spéider kann ee jo nach eppes änneren. --Cornischong 00:02, 30 Mäe 2005 (UTC)

@Otets: Merci fir deng Gaaschtfrëndlechkeet. Sou konnte mer eis op neutralem Terrain zerbalegen. --Cornischong 00:31, 30 Mäe 2005 (UTC)

Do war ech grad emol een Owend laang net ageloggt, an dann ass hei der Däiwel lass :))
Mee kee Problem. Den Owend wäert ech mech mat e puer Dictionnairen zesummesetzen, an da gesi mer, wat dobäi erauskomme wäert. Otets 11:34, 30 Mäe 2005 (UTC)

(versichen d Eifeler ze berücksichtegen!) Mai Gott! haat mech gescht just kuerz geluet a scho war ech fort! Et kann ee (!) jo Beispiller vun deem méi klenge Artikel dobäisetzen. Et gin wuel awer nach méi der Wierder, déi een z.b. no Theme opleschte kéint --Kniwwla 11:41, 30 Mäe 2005 (UTC)


Sorry fir den ët, denken an Zukunft drunn :-) Merci --Alexandra 12:10, 30 Mäe 2005 (UTC)

Wann et dech berouegt, den "offiziellen" neien Dictionnaire ass neierdéngs beim Buschtaf A (am Eescht!)ukomm. Wann deen neien (wéi soll ech en nennen ... DLW) vun engem "finnesche Finn" schwätzt, dann huele mer wierklech am beschte "Finnland", op déi Manéier verstinn et zuguer eis Transmuselaner. --Cornischong 14:05, 31 Mäe 2005 (UTC)

Raumfaart, an Tabellen[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg, Also ech wees eigentlech net op et Raumfahrt mat ah oder aa ass, misst ee just kuken fir bei enger Versioun ze bleiwen, oder? Mat den Tabellen kuken ech mir emol un wéi daat fonktionnéiert, da machen ech se dobäi. Klappt vlaicht net direkt op Anhieb :-)--Alexandra 14:50, 31 Mäe 2005 (UTC)

Um 0.35 gëtt nano widerholl. Bis herno--Cornischong

majo! ech hun dat gesin! Am Fong waaren d Kritiken gudd, d Erklaerungen sin onkomplizéiert, kuerz a et gin Linken an Dokumentatiounen fir weider Infoen. Si hun déi däitsch wiki säit op d proouf gestallt an deem se Dommheeten an Artikelen geschriwwen hun (wéi z.b een Robbie WIlliams Album deen et net gett, mai bon -.-) Déi Feeler goufen net entdeckt an daat deckt egn offesichtlech Schwaachstell op. Et muss een awer bedenken dass déi däitsch Wiki-nger vill méi ze din hun an hei ass d Kontroll vergäichsweis einfach, well net sou vill lass ass (am Verglach). -- Kniwwla, et ass Samschden 2. Abrell, 12:11, d Sonn schéint

Déi Feeler déi d'nano-Tester dragesat haten, goufen effektiv net direkt entdeckt, mee wéi d'nano-Sendung gewise ginn ass ,do ware se "natierlech erëm korrigéiert" (sënngeméiss zitéiert). Esou déidlech ass déi kleng Schwaachstell also guer net. Wann e Feeler an der Wiki steet, dann ass e wéinstens éischter korrigéiert wéi een, deen an der Britannica steet. --Otets #09827; 11:44, 2 Abr 2005 (UTC)

E klenge Trëppeltour[Quelltext änneren]

Schéine Gudden. Wëlls de mol e klengen Trëppeltour op Malta maachen, fir dem Alexandra eng Hand unzepaken mat der Formatéierung vun der Këscht mat de Fotoen. Merci. --Cornischong 00:06, 1 Abr 2005 (UTC)


Merci fir deng Hëllef bei der Tabell. Vlaicht kanns du mir soen wéis du dat mam Fändel an esou mëss a wou déi hier sinn, da kinnt ech et di nexte Kéier selwer probéieren? --Alexandra 06:09, 1 Abr 2005 (UTC)

Merci. Ech hätt nach eng Fro, wann een déi lëtzebuergesch Säit wëll op déi aner Sproochen setzen goen (z.B. lb:Malta) muss een do bei se all eenzel goen oder gëtt et do en Kniff deen se all mateneen mecht ? --Alexandra 10:27, 1 Abr 2005 (UTC)

Salut. Beim Pils geet nees d'Ried vun der "Tschechescher Republik", déi op eiser Lännerlëscht "Tschechien" heescht. No dem Debakel mat Irland kucke mer eis déi Lëscht mol nach eng Kéier un. E Sonndeg sinn ech mat derbäi. Mar leeft jo näischt bei mär bis spéit owes. Bis esou. --Cornischong 00:41, 2 Abr 2005 (UTC) ( http://www.auswaertiges-amt.de/www/de/infoservice/download/pdf/publikationen/staatennamen.pdf ) --Cornischong 07:28, 2 Abr 2005 (UTC)

Ech wollt gären en Artikel iwwert déi Spuenesch Sprooch schreiwen. Wéi kinnt ech dee nennen an aklasséieren? Spuenesch Sprooch an dann an d´Kategorie Sprooch ? Waat mengs du ? --Alexandra 12:19, 2 Abr 2005 (UTC)

Merci fir d´Biller bei Spuenien. Kinns du och eng Kéier bei Zypern wéinst de Biller kuken weg? --Alexandra

Ech sinn amgaangen z'iwwerleeën. D'Rechter fir eng Template ze maachen huet awer jiddfereen, à titre info :-) Ech huelen dann als Beispill vum Inhalt vun der Lännertabell Zypern, déi's du mengen ech jo gemaach hues, a wurschtelen emol. Ka bëssi daueren, déi meescht Templates déi mir hunn, hunn ech bei eisen Noperen telquel geklaut :-)))

--Briséisβρισεισ 08:11, 3 Abr 2005 (UTC)

No räiflecher Iwwerleeung sinn ech géint eng Template fir d'Länner, well déi gewësse Problemer mat sech bréngt. An zwar datt et méi wéi eng Template misst ginn, mee fir all déi verschide Fäll eng, an do ass et bei wäitem méi einfach, d'Tabelle selwer aus engem Artikel ze kopéieren, a manuell d'Ännerungen ze man. Beispill: Déi eng hunn e Kanzler, déi aner e Kinnek, déi nächst e President...déi eng hunn en Onoofhängegkeetsdatum, déi aner waren et schon ëmmer...etc. Ass extrem ëmständlech do mat enger Template ze fueren. :-) --Briséisβρισεισ 08:26, 3 Abr 2005 (UTC)

Dramatiker ginn et awer och beim Theater? Vlaicht kinnt en d'Dramatiker ënenert Dramatik setzen an eng eegen Kategorie loosen? Op elo Dramatiker an innen.... Ech sinn am allgemengen net esou dofir fir ëmmer déi weiblech an männlech eenzel opzezielen. Mä bon, wann een et bei denen engen mëcht misst een eng Richtung schon beihaalen. --Alexandra 12:48, 5 Abr 2005 (UTC)

Salut. Dat ass eng harmlos Fro. Bei der Fotografie ass et kloer. Den neien Duden an eist DLW loossen nëmmen eng Méiglechkeet. Bei der Geo loossen se allebéid déi zwou Méiglechkeeten op. Um Ufank hat ech geduecht et wier méi praktesch alles op den "f" ëmzeschalten, an dann hätt et sech. Wier et net "awer" besser, ëmmer den f ze gebrauchen, well ech fäerte soss riskéiere mer Moschwieren? freet emol ganz schimmech de --Cornischong 13:30, 5 Abr 2005 (UTC)

Luuchtapparater[Quelltext änneren]

Ech sinn net ganz frou mat dem Text vum Knipsomat ("grouss, immens empfindlech": wéi grouss, wéi immens" - - "mat deem ee vu senger Ëmwelt Fotoen maache kann": et kann een zuguer Fotoe maache vun engem sengem eegene Moschwier" -- 't ass gutt, ech gi mech) , mee fir en iwwer de Knéi ze briechen hunn ech och keng Loscht. Loossen mer en dann emol roueg am Eck setzen, e frësst eis jo kee Brout." Net alles haut, wat maache mer mar? --Cornischong 15:03, 5 Abr 2005 (UTC)

Iwwer de Bot[Quelltext änneren]

Wann ech et richteg verstanen hunn, dann ass et mat dem Bot (dem Word-Macro) net dran, fir eis Chronolächer ze stoppen. Dat ass schued. Mat der Eifeler-Krankheet deet en sech och schwéier. Ech mengen (awer ech bleiwen net doropper brucken) mer kucken eis Texter "manuell" no. Dat ass just meng provisoresch Meenung. Natierlech gëtt d'Iddi vum Verbesserungsbot net op d'Schëff geschéckt. War dat zevill radikal? --Cornischong 22:01, 8 Abr 2005 (UTC)

Jhemp Titel-Biller[Quelltext änneren]

Meng sinn vun den Original-Titelbiller agescannt mat 2550 x 3507 Pixel. Se mussen natierlech ageschrumpfelt ginn. --Cornischong 19:58, 10 Abr 2005 (UTC)