Benotzer Diskussioun:Pecalux/2006

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia


--Otets 09:49, 27 Januar 2006 (UTC)

Dat mat de Baachen ass eng gudd Idee, elo fluppt et jo erëm mat den Artikelen --Alexandra 18:18, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Boromäerinnen[Quelltext änneren]

et gin 3 Saachen déi Derdäiwel net weess:

  • wat d'Jesuiten als nächst vir hunn
  • wouhier d'Betteluerden hier Suen hunn
  • wéivill Fraekongregatiounen et ginn

dëst weist drop hinn datt d'Boromäerinne vun Tréier net déi selwecht sinn ewéi déi vun Nanzeg an dofir och verschidde Mutterhéiser hunn. Et ass net einfach fir do den Iwwerbleck ze behaalen an déi Saach wiki-gerecht systematesch duerzestellen. Ech huelen un datt et sollt een e globalen Artikel iwwert Boromäerinnen schreiwen mat Linken op Artikelen vun den eenzelnen Kongregatiouenen. Ech wäert mer dann och en Artikel aus dem Fanger suckelen fir ze soen wat eng Kongregatioun dann alles ka sinn.--Marcus 14:49, 31 Mäerz 2006 (UTC)

Gudde Moien. Firwat eppes an den Artikel Uwerkolpech setzen, dat einfach net stëmmt? Ech schreiwe vum Schlasspark, deen anscheinend tëscht Uewer- an Nidderkolpech soll leien, wat en awer net mécht. --Cornischong 07:45, 29 Juni 2006 (UTC)

Do besteet e Grond, datt ech mech entschëllegen: Déi Saach mam Park koum vun engem Nummerekonto, an du has et just op déi richteg Plaz gesat. Ech soll déi nächste Kéier besser oppassen, Ech soll déi nächste Kéier besser oppassen, Ech soll déi nächste Kéier besser oppassen. --Cornischong 16:17, 29 Juni 2006 (UTC)

Moie Pecalux. Du schreift am Zowaasch-Artikel déi Saach vun der Kasematt. Dat intresséiert mech. Ech war e puer Mol dohin, d'Leit, déi lo do wunnen, waren awer net doheem. Gëtt et doriwwer (Kasematt) Material (Fotoen)? --Cornischong 07:08, 29 Juli 2006 (UTC)

Merci fir d'Verbesserung Les Meloures 14:04, 11 August 2006 (UTC)

Schinnebussen oder sou[Quelltext änneren]

Salut Pecalux. De Les Meloures huet mech gefrot fir den "Stuckeler"-Titel z'änneren. Dobäi hunn ehc e Problem. Wéi solle mer den Artikel nennen? "Ürdinger" oder "Uerdinger" (et fënnt een déi zwéin), "Ürdinger Schinnebus" (dat wier en Ausdrock, deen hei net gebraucht gouf). Dat wat ech ëmmer héieren hunn war "Autorail", mee do froen ech léiwer de Fachmann. --Cornischong 13:41, 13 August 2006 (UTC)

Gudde Moien,
Kanns de mol kucke goen op Uerdinger, wann dann nach eppes nit sou richteg sollt klappen a mer dann Bescheed soen oder selwer verbesseren, wéis de wëllst. Ech haat um Talk gefrot obs du vläicht eng Photo vun engem Uerdinger huest, daat wir flott. Les Meloures 16:46, 13 August 2006 (UTC)
Salut um Waldhaff haat ech wiklech e puer zolidd Beck geschoss. Merci fir d'Nohëllef Les Meloures 13:16, 24 August 2006 (UTC)

Gudde Moien. Nodeems de bei der Nidderaanwener Kierch d'Foto an der Këscht e bësse mé kleng gemaach hues, gesinn ech se net méi (am IE6 an am Opera 9.2). Gesäiss du se nach? --Cornischong 09:51, 27 Oktober 2006 (UTC)

Mysteriéis Saachen! Lo rullt et nees. --Cornischong 09:51, 27 Oktober 2006 (UTC)

Salut,

Ech hun emol probéiert fir den Tirefond op der Eisebunn ze erklären.

http://lb.wikipedia.org/wiki/Tirefond_%28Eisebunn%29

Ech wir frou wanns du der den Artikel mol géifst ukucken a verbesseren wann ëpes nët gudd ass.

Merci am Viraus Les Meloures 21:53, 31 Oktober 2006 (UTC)

Ech kan do mathëllefen fir Fotoen ze maachen op enger Neibaustreck vun engen ICE wann daat erwënscht ass, fir déi nei Schinnebefestegungen.

Puscas 14:12, 1 November 2006 (UTC)

Salut. Wanneisen: Merci, et gëtt een awer alles gewuer. --Cornischong 16:51, 2 November 2006 (UTC)

Merci fir d'Äntwert an nach eppes derbai :-))Talk 24. Mee]

Feelersich[Quelltext änneren]

Salut,

Do hu mer warscheinlech nach fir 3 Méint Beschäftigung mat deenen ale Feelerläichen déi doruechter leien, ouni datt ech meng eege nach derbäi rechnen. Dat sinn der och nach e puer. Ët ass flott wann ee verbessert an 't fënnt och seng eegen Dommheeten. :-))

Bei sou Aktioune kann e nëmme gudden Appetit wënschen. Les Meloures 12:03, 7 November 2006 (UTC)

Rangéiergare Péiteng[Quelltext änneren]

Salut,

Weest du duerch Zoufall op d'Rangéiergare vu Péiteng nach aktiv ass, a wann, wéivill Formatiounsgleiser se huet. Ech huelen un datt eng ouni Knupp ass. Merci am Viraus Les Meloures 18:55, 10 Dezember 2006 (UTC)

Lëtzebuerger Scouten[Quelltext änneren]

Ech hun den Talk iwwert d'Lëtzebuerger Scouten gelies. Merci fir den Hiwäis. Hei meng Bemierkungen:

L.S. (Lëtzebuerger Scouten) war den offizielle Numm vun deem Resistenzgrupp. An all Publicatioun iwwert d'Resistenz get de Resistenzgrupp (L.S.) ënnert daer Bezeechnung mentionnéiert.

Den Tony Noesen, Georges Everling a Jean Muller waren Kommissären vun de Lëtzebuerger Scouten, wéi se deemols geheescht hunn. Och den Aloyse Hentgen, den deemolege Chef vun de Lëtzebuerger Scouten, huet als Resistenzler an der zweeter Rei matgemaach. Si konnten also, ënner den deemolegen Ëmstenn de ganze Mouvement engagéieren.

Duerfir géiw ech de ganzen Artikel (Lëtzebuerger Scouten , L.S.), comme tel bestoe loossen, mee an den Artikel iwwert 'd'Lëtzebuerger Guiden a Scouten, e Paragraph bäisetzen iwwert d'Resistenzaktivitéten vun de Lëtzebuerger Scouten am Zweete Weltkrich, mat engem interne Link op d'Säit L.S.

Ech ginn dervun aus, dass Du dat mechs. Merci. Ernmuhl 08:04, 14 Dezember 2006 (UTC)

Discussiounssäit: Aloyse Hentgen[Quelltext änneren]

Luuss mol ran an d'Discussiounssäit vum Aloyse Hentgen. Do schengen Verwiesselungen opkom ze sinn, wat d'Scouten ugeet. Ech iwwerlossen natierlech den Auteuren et, fir dat ze iwwerschaffen --ernmuhl 07:05, 16 Dezember 2006 (UTC)

Fein war eng gutt Initiativ et ass leider esou, sou Feeler falen dax eréischt op wann et der scho vill sinn an dann ass et ëmmer eng herrlech Beschäftigung. Les Meloures 17:55, 28 Dezember 2006 (UTC)