Benotzer Diskussioun:Pecalux/2007

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Archiv 2007[Quelltext änneren]

"Leibeigenschaft" Tzali, och däi Mail hunn ech elo op mengem ale Kont entdeckt, well ech vergiess hat beim Geplënners a Geänners genau op der Wiki d'E-Mail ze änneren :) Dat ass awer elo geschitt :) Majo majo, ech war mer do och net ganz sécher wéi een dat nenne soll (wéi sou oft am Lëtzebuergeschen hehe). Ech muss elo bis fort (akafen), soss kucke mer herno driwwer, e REDIRECT ass jo séier gemaach op de richtegen Titel dann :) --βρισεισDisk 11:09, 9 Februar 2007 (UTC)


Salut:

http://lb.wikipedia.org/wiki/Talk:Doudegt_Mier

De Bobo gouf verbessert, an d' Schabloun vun der d'Këscht ugepasst.

Am Bodenséi waren nach méi Feeler dran déi sinn och behuewe ginn.

Lo bleift nach den Iechternacher.

Les Meloures 15:57, 20 Februar 2007 (UTC)

Gudden Owend. Merci fir meng Black-Outen ze pléischteren. Et bleiwen heinansdo Buschstawen an der Tastatur kludderen. --Cornischong 17:53, 17 Mäerz 2007 (UTC)


Eisebunnen Salut,

Merci fir d'Info, dat ka ganz netzlech sinn. Ech wärt dann mol an nächster Zukunft eng kleng Streck probéieren. Les Meloures 17:00, 6 Abrëll 2007 (UTC)


Salut,

Äntwert op menger Diskussiounssäit. Les Meloures 20:59, 13 Mee 2007 (UTC)


De Sysop-Hutt Salut. Gratulatioun zu dengem Admin-Hutt, deen elo grad aktivéiert gouf. --Cornischong 16:58, 14 Mee 2007 (UTC)


Op- an ofsteigen Salut. Fierwaat hues de meng Ännerungen zu den Op- an Ofsteiger am englesche Foussball réckgängeg gemaach? Ok, ech hu grad erausfonnt dass ech vergiess hat mech anzelogge mee dofier sinn se nach ëmmer richteg. Ausser bei Sheffield United, déi awer am Moment och ofsteigen, ass daat eigentlech schon alles secher. Harry-PC 08:11, 15 Mee 2007 (UTC)


Éiter Ah bon, lo hun ech ët och gesin, ass ët méiglech, dass dat nach nët sou laang do steht, muss een dat éieren och selwer maachen oder kënnt dat vum selwen dohi stoën? Falls ët vum selwen dohi stoë kënnt, wie kontrolléiert dann op dat nët bei dem däitschen "Eiter", also giel Entzündungsflëssegkeet, raus kënnt?, merci awer fir den Hiwäiss. Ah jo, do fällt mer och nach bäi: Conter schreift een op lëtzebuergesch mat "C", ech ka mech nach gudd drun erënneren, wéi eise Buergermeeschter, de Schmitze Jim, d'lescht Joër ausser sech vu Freed wor, wéi ë verkënnegt huet, dass ët elo offiziell wier, dass ee Conter mat "C" schreift wéinst dem ganze verlinks sin ech awer näischt drun ännere gaang, du kanns däer Saach jo mol bei Geleeënheet op de Fong goën. --Xavierschmit 09:29, 22 Mee 2007 (UTC)



Salut: Gutt gesinn mat dem Motor. Fro mech net firwat datt ech eng Méizuel agesaat hat. Ech kéint der keng Äntwert ginn. :-) :-) Les Meloures 12:56, 14 Juni 2007 (UTC)

Moie Pecalux. Schreif mer w.e.g. emol iergendeppes op meng Potersäit. Dat kënnt mer "lusch" vir mat deeër Dunn. Merci. --Cornischong 16:02, 14 Juni 2007 (UTC) Nodeems ech a menge Preferenzen de "Mat JavaScript erweidert rezent Ännerungen" an der Tëschenzäit ugeknippst hat, geet et elo. Ob et dat war, ass eng aner Fro. Haaptsaach d'klappt. --Cornischong 16:10, 14 Juni 2007 (UTC) Salut De Problem war jo net schlëmm  :-) Les Meloures 10:03, 25 Juni 2007 (UTC)

Hunin Mam Hunin ass lo alles an der Rei. --ernmuhl 11:00, 3 Juli 2007 (UTC)



Massendénger Merci fir déi Verbesserungen - hu kee Probleem domatt. Et kennt nach eppes iwwert den Dëngscht an der Massen dohinn... ech sin am Gaang daat virzebreeden an da wäert ech et dono online setzen. Deen nächste reenegen Dag kennt bestemmt ;-) Sonneg Gréiss --Tanja 09:20, 30 Juli 2007 (UTC) Ech hun "enfant de choeur" an "grand clercs" bäi de frz.Iwwersetzunge wechgeholl. International gouf sech fir déi froncophon Sproochgrupp op "servant d'autel" festgeluecht. Dohir well ech net, datt des Nimm héi optauchen.... déi solle lues a lues verschwannen. Genee wéi am Däitschen Messdiener och net méi geholl gi soll.... eben well Massendénger net nemmen MASSEN dengen. Am L hu mer ebe keen aanert Wuert. Am Engleschen ass et Altar servers. Gréiss --Tanja 11:45, 30 Juli 2007 (UTC)

JO, daat stëmmt, datt déi aal frz Bezeechnung joërelaang an der Reih war... ech liese mer da mol mar hiren Artikel... mee wéi gesoot, daat Wuert soll lues a lues aus dem Sproochgebrauch verschwannen... dofir steht et och net op der Säit vum internationale MDéngerverband (CIM). Hun a sch kee Probleem matt deem Wuert. Gesinn och kee Probleem, wann et awer an deem L-Artikel steht. D'Fransousen hun och nach daat Wuert "acolyte"... mee domatter gin a sech déi MD bezeechend déi méi aal sin. Allefall matt eisem Wuert MD ass daat Wuert servant d'autel an eben déi eeler Bezeechnung enfant de choeur "gläichgestallt. Obschon si och fir "Chorknaben" (sou wéi eben "Sängerknaben" daat Wuert "enfant de choeur" huelen. Dohir fir deen Ennerscheed soll eben an Zukunft fir MD daat net méi geholl gin, fir den Ennerscheed ze maan. Mee bon... Et si wierklech kleng Détailler... besser ech setze mech demnächst un de Rescht vum Artikel ;-) Schéi Gréiss --Tanja 00:01, 31 Juli 2007 (UTC) P.S. Hu kee Probleem mam DU, wa mer eis schréiwen.... Daat war dee Grupp vum internationale MDéngerverband deen sech matt den Nimm vu MD op aanere Sprooche beschäftegt huet. Sonneg Gréiss --Tanja 08:26, 31 Juli 2007 (UTC)

Gudde Moien, Merci fir deng Noriicht ! --SITCK 08:33, 4 August 2007 (UTC)