Benotzer Diskussioun:Rivanerjoe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Les Meloures 21:32, 15. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Foto vun der Kierch TrËnten[Quelltext änneren]

Moien,

du hues eng Foto vun der Kierch vun Trënten eropgelueden. Dobäi hues de engem anere Mataarbechter seng Foto iwwerschriwwen. Dat geet leider net, virun allem sti bei der Bildbeschreiwung déi al Donnéeën.

Ech restauréieren dofir dat aalt Bild vum user:Johnny Chicago. Du misst däint ënner engem aneren Numm nei eroplueden (denk drun, em eng Lizenz ze ginn an unzeginn, vu wiem et ass - ech huelen un, vun Dir). Fir dass et am Artikel soll stoen, muss de do dann de Link op dat neit Bild setzen.

--Zinneke 15:20, 13. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Ried oder Réid[Quelltext änneren]

Moien,

Wanns du dat esou sess, solle mer dat dann esou gleewen. Am Buch vum Josy Braun Eis Sprooch richteg schreiwen, steet et géif Ried heeschen. Sou laang ewéi eise Staat fir d'Lëtzebuerger Schreifweis vun den Uertschafte näischt offiziell erausgëtt hale mer ons alt emol u Bicher déi vu Leit gemaach goufen déi sech och doudsécher ëmfrot hunn. Wann et ausser dem J.B. sengem Buch iwwer d'Schreiwe vum Lëtzebuergeschen, nach en anert gëtt, an deem Réid geschriwwe steet, wiere mer frou fir dat gewuer ze ginn. Les Meloures 18:29, 13. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Guckuck,

ech hu keng Ahnung vu wou de Josy Braun ass, mee ech sin aus dem Dall an dat Duerf heescht Réid an net Ried.

Réid oder Ried[Quelltext änneren]

Guckuck,

ech hu keng Ahnung vu wou de Josy Braun ass, mee ech sin aus dem Dall an dat Duerf heescht Réid an net Ried.--Rivanerjoe 19:42, 13. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Salut,
Et ass guer net wichteg an deem Kontext, fir ze wësse vu wou de Josy Braun ass. Dem säi Buch iwwer d'Lëtzebuerger Schreifweis ass net an sengem Regionaldialekt geschriwwen.
Mer hu leider dee Problem mat den Uertschaften zu Lëtzebuerg, datt se an der Schreifweis net esou geschriwwe ginn wéi d'Leit aus dem Duerf mengen datt dat misst sinn.
E puer Beispiller:
  • Klierf: do soen d'Leit Kliäref.
  • Wolz: do soen d'Leit Woolz.
  • Liewel: do soen d'Leit vun do an aus der ganzer Gemenge Leewel.

Wéi s de gesäis dréint et sech net drëm wéi d'Leit vun do soen. Dat kann awer gären am Artikel ernimmt ginn.

Les Meloures 21:26, 13. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]