Bert Kaempfert

Vu Wikipedia
Bert Kaempfert
Gebuertsnumm Berthold Heinrich Kämpfert
Pseudonym Bert Kaempfert, Bob Parker, Marc Bones
Gebuer 16. Oktober 1923
Hamburg
Gestuerwen 21. Juni 1980
Mallorca
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Museksproduzent, Filmkomponist, Arrangeur, Discographesche Kënschtler

De Bert Kaempfert, gebuer de 16. Oktober 1923 zu Hamburg als Berthold Heinrich Kämpfert, a gestuerwen den 21. Juni 1980 zu Llucmajor, Mallorca, war en däitschen Orchesterleeder, Museksproduzent, Arrangeur a Komponist.

Hie war, nieft dem James Last, deen däitschen Orchesterchef nom Zweete Weltkrich mat deem gréisste Succès. Hie war an den 1950er-1960er Joren e Pionéier vum Easy Listening-Stil, „Musek, déi net stéiert“, wéi en et selwer sot[1], a gëllt domat haut als wichtege Virleefer vun der Lounge-Musek.

Hien hat an den 1950er Jore mat sengen Arrangementer vum Freddy Quinn an dem Ivo Robić hiren HIts Die Gitarre und das Meer respektiv Morgen, éischt grouss Succèsen. Bekannt gouf en a säin Duerchbroch hat en awer an den USA. Mat Wonderland by Night gouf hien 1961 den éischten Däitschen, deen an den USA en Nummer-Eent-Hit hat. Seng Kompositioune Strangers in the Night, gesonge vum Frank Sinatra, a Spanish Eyes, interpretéiert vum Al Martino, goufe weltwäit Succèsen a sinn haut Evergreens. Zu senge bekanntste Stécker zielen och Afrikaan Beat, A Swingin' Safari, A Wimowe (The Lion Sleeps Tonight) oder Red Roses for a Blue Lady.

Wärend seng Placke sech an den 1960er an Amerika a Milliounen-Oploe verkaf hunn, hu s'an Däitschland just zu wéinegen Dausenden hir Keefer fonnt.

Am Ganzen huet de Kaempfert eng 400 Kompositiuonen a 750 Orchesterarrangementer geschriwwen; bis zu sengem Doud goufe weltwäit ronn 150 Millione Placke mat senge Melodië verkaaft.[2]

Filmographie als Komponist[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Dokumentarfilm[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Boettcher: Strangers In The Night - Die Bert-Kaempfert-Story. 2003

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Boettcher: Stranger in the Night - Die Bert Kaempfert Story. Europäische Verlagsanstalt, Hamburg 2002, ISBN 3-434-50523-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bert Kaempfert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "E und U wachsen zusammen", Badische Zeitung, 6. April 2009 (Interview mit Marion Kaempfert)
  2. Gala on the occasion of Bert Kaempfert's 80th Birthday bei der GEMA (futtisse Link)