Bieler Lauftage

Vu Wikipedia
Op der Streck vum 100-km-Laf

D'Bieler Lauftage (fr.: Courses de Bienne), déi am Juni zu Biel/Bienne am Schwäizer Kanton Bern ausgedroe ginn, bestinn aus verschiddene Volleks- a Stroosseleef. Am bekanntsten ass den 100-km-Laf, deen zanter 1959 um Programm steet an als de gréisste vun där Zort weltwäit gëllt. D'Streck kann entweder aleng, als Koppel oder an enger 5er-Stafett gelaf ginn.

Et ginn ausserdeem en Hallefmarathon, en Erliefneslaf iwwer 11 km souwéi Kannerleef am Kompetitiounsprogramm ugebueden.

Bis 2019 stoung och en Ultra-Marathon (56 km) um Programm. Participante vum 100-km-Laf goufe fir déi 56 km bewäert, fir am Fall wou se do sollten ophale mat lafen.

Zanter 2008 sinn d'Schwäizer Meeschterschaften am Ultramarathon an den 100-km-Laf integréiert.